Search

You may also like

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff
International Neiegkeeten

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff

Ugrëff aus Gaza, datt kennt een an den Ofwiersystem vun

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net
International Neiegkeeten

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen
International Neiegkeeten

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen

Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an d‘Recht op Ongerechtegkeeten hinzeweisen, jo esouguer ganz

Lëtzebuerg beweist Humanitéit

Lëtzebuerg beweist Humanitéit

Wärend sech an der EU vill Länner „schwéier sinn“ iwwerhaapt Flüchtlingen opzehuelen, beweist Lëtzebuerg alt nees, wat et heescht mam gudde Beispill virgoen. Am Juni hat et 110 Demande fir Asyl/Internationale Schutz ginn. Dat sinn der 27 méi wéi nach am virechte Mount.

De gréisste Grupp stellen d‘Syrier duer (45), gefollegt vun de Mënschen aus Eritrea (27) an dem Sudan (11). Entspriechend der Immigratioun-Direktioun vum Ausseministère, hunn 63 Persounen de Statut vum Refugié zougesprach kritt. Wat elo mat deenen anere geschitt, gëtt säitens dëser Verwaltung net preziséiert.

Den Ausseminister Jean Asselborn war ee Méindeg zu Bréissel, wou hie un der Reunioun vun den europäeschen Ausseminister deelgeholl huet. An dësem Kontext ass et ëm Geopolitik an déi nei Technologie gaangen. Et gouf anscheinend nom „missing link“ tëscht den neien Technologien, der Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU gesicht. Et ass ee sech eens datt Europa seng numeresch Souveränitéit behält, a méi resilient a Saache Cybersécherheet gëtt.

Am Kontext vun der zukünfteger strategescher Ausriichtung vun der Europäescher Unioun, huet de Jean Asselborn notéiert, datt dës zwéngend d‘Wäerter vun der EU misst erëmspigelen. Et gouf sech bei dësem Treffen dann nach mam neien israeleschen Ausseminister Yair Lapid iwwer déi weider Bezéiungen an de Friddensprozess mat Palestina ënnerhalen. Et gouf vill diplomatesche Blabla an natierlech näischt wat drop hindeit, datt et am Noen Oste besser gëtt.

Et huet ee sech dann och nach mat der politescher Konfliktsituatioun an Ethiopien ausenanergesat. Hei goufen déi sech géintiwwer stoend Konfliktparteien zu engem nohaltege Waffestëllstand opgeruff. Dee gouf jo säitens der Regierung eesäiteg verkënnt, wärend gläichzäiteg d‘Provënz Tigray vollkommen ofgerigelt gouf. D‘Géigesäit, also d‘Volleksbefreiungsfront vum Tigray, huet de Waffestëllstand ënnert dëse Konditiounen net kënnen unhuelen.

Bleift nach festzehalen, datt et no der Sëtzung vun den Ausseminister eng Informatioun zur Ocean Viking ginn huet. Ee Spriecher vun der EU huet erkläert, datt et eng Léisung am Bezuch op d‘Repartitioun vun den 572 aus Séinout gerette Flüchtlinge/Migranten huet. Eng Partie vun dëse Leit soll eng Zukunft zu Lëtzebuerg gebuede kréien, esou d‘Informatioun. Ëm wéi vill Leit sech handelt gouf allerdéngs gëschter nach net weider preziséiert.

Foto: De Jean Asselborn hei am Bild mam Maria Liimets, Ausseministesch vun Estland © European Union

Annex: Statistik zum Internationale Schutz fir de Mount Juni 2021

Related topics Asylpolitik, Ausseminister, Aussepolitik, Ethiopien, Europa, Flüchtlingen, Internationale Schutz, Jean Asselborn, Refugié
Next post Previous post