Search

You may also like

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum
Money Neiegkeeten

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum

Déi Sandweiler Gemeng ass jo eigentlech eng „Ronn Saach“ mee

Regierung a Syvicol ginn sech (nach) net eens
Money Neiegkeeten

Regierung a Syvicol ginn sech (nach) net eens

Den éischten Oktober hat de Syvicol mat de Vetrieder vun

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag
Money Neiegkeeten

Groussbritannien: Keng Neiwahle viru Chrëschtdag

Eigentlech wollt de britesche Premierminister gëschter Neiwahlen duerchsetzen, dat mat

money

Ginn zu Lëtzebuerg déi kleng a mëttelgrouss Betriber vergiess?

Ginn zu Lëtzebuerg déi kleng a mëttelgrouss Betriber vergiess?

Nieft den Oppositiounsparteien huet och d‘Handwierkerkummer wéinst dem Wuesstem esou seng Suergen. Et ass wuel jidderengem bewosst, datt d‘Land a senger Fläch begrenzt ass. Mee ugesicht der Tatsaach, datt een Entreprisë wéi Google mat vill „Terrain“ an fiskale Virdeeler op Lëtzebuerg lackelt, gëtt sech beschwéiert, datt een als PME keng „fräi Plaz“ méi fënnt.

D‘PMEen déi zu Lëtzebuerg fir iwwer 90.000 Aarbechtsplaze verantwortlech sinn, déi op ronn 7.000 mëttelstänneg Betriber verdeelt sinn, gesinn sech schlecht behandelt. Fir eng Wirtschaftsbranche déi gutt 10% vum BIP sécherstellt, eng bedreelech Ausso.

An den Tom Wirion, President vun der Handwierkerkummer, ass dann och entspriechend haart an d‘Geriicht gaangen. Hien huet drun erënnert, datt de Besoin u Raum schonn 2016 bei gutt 90 Hektar geleeën ass. Eng Zuel déi esou och haut nach ëmmer richteg ass, a Mesure fuerdert fir engem dynamesche Secteur ënnert d‘Äerm ze gräifen.

Mee den Tom Wirion ass sech och bewosst, datt déi meescht kleng a mëttelgrouss Betriber, wéinst der Konkurrenz aus der Groussregioun, mat klenge Margen ze kämpfen huet. Dat bedeit, datt et kaum eng PME gëtt, déi einfach emol esou an d‘Keess gräife kann, fir sech en Terrain ze kafen.

Déi Terrainen (bis zu 90 Hektar) ginn awer dréngend benéidegt. Terrainen si bekanntlech rar zu Lëtzebuerg, a wann een ze kréie wier, dann ass dëse meeschtens onbezuelbar. Zu dësen zwee scho besonnesch grousse Problemer, kënnt dann nach derbäi, datt déi administrativ Prozeduren dem klenge Patron de Rescht ginn. Et wier einfach ze vill Bürokratie.

Kee Virworf un de Wirtschaftsministère

Trotz dëser Feststellung wëll den Tom Wirion der Regierung keng Virwërf maachen. Hien ass iwwerzeegt, datt de Wëlle „virunzekommen“ och bei der Politik ginn ass. Dat wier och bei der leschter Regierung de Fall gewiescht. Elo géif et drop ukommen ze gesinn, wéi den neie sektorielle Plang zu den Aktivitéitszonen ausgesäit a wéi eng Verbesserungen domatter ze verbanne sinn.

An hei misst dann och eppes geschéien, wat et den Entreprisen erlaabt sech weider ze entwéckelen. An de President vun der Handwierkerkummer huet dann unhand vu Beispiller, wéi schwéier et enger PME gemaach gëtt, wann se sech wëll oder muss vergréisseren.

Dorausser gëtt ersiichtlech, datt net nëmmen d‘Disponibilitéit vun den Terrainen e grousse Problem duerstellt. An deenen Aktivitéitszonen déi d‘Land huet, ass et ganz oft esou, datt déi zur Verfügung gestallte Fläch, seelen dem Besoin vum Betrib gerecht gëtt. Eng PME bréicht seelen e ganzen Hektar, oft géif en hallwen duer. Et misst een also aner Léisunge fannen.

An de Norry Dondelinger, Wirtschaftsdirekter vun der Handwierkerkummer, gesäit nach weider Schwieregkeeten, deenen e begéine muss. Esou wier et schwéier iwwerhaapt emol en Terrain ze fannen. An domatter ass et dann net gedoe, well d‘Aktivitéit dann och nach eng Roll spillt.

Eng Firma déi, well se erfollegräich ass, expandéiere wëll oder muss, kéint awer nëmme bedéngt seng ursprénglech Géigend verloossen. Also vum Süden an de Norden (oder ëmgekéiert) plënneren. An als PME ass een offensichtlech mat deene selwechte Problemer beschäftegt, wéi jiddereen deen sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng oder e Bauterrain sich: d‘Präisser.

D‘Wirtschaftlechkeet am Grenzberäich

Wann de Norry Dondelinger dann nach drop hiweist, datt déi meescht Betriber déi et schwéier hunn ze wuessen, Familljebetriber sinn, well déi net méi an der Lag wieren Terrainen ze kafen, da muss no Léisunge gesicht ginn. Esou d‘Recht op Fläch.

Dëst Recht op Fläch kéint ee mam „ bail emphytéotique“ vergläichen, deen et am Beräich vum Logement scho gëtt. Dat heescht dann awer och, datt sech eng Entreprise net méi op engem Terrain installéiert déi hir gehéiert, mee deen op laang Zäit gelount ass. Dat wier dann och eng Mesure déi dozou soll bäidroen, méi Flexibilitéit ze erreechen.

An d‘Handwierkerkummer setzt dann och grouss Hoffnungen op de neie sektorielle Plang fir Aktivitéitszonen. Bedaueren deet den Tom Wirion, datt déi éischt Versioun vun dësem Plang, an där et vill Positives fir d‘Handwierk ginn huet, zréckgezu ginn ass.

Hien hofft dann elo, datt nodeems de sektorielle Plang aus juristesche Grënn muss iwwerschafft ginn, och déi nei Versioun fir d‘Handwierksbetriber avantagéis bleift. De Nohaltegkeetsminister François Bausch wëll déi an de nächsten Deeg presentéieren, an hofft och déi véier nei sektoriell Pläng, virum Enn vun der Legislaturperiod um Krautmaart gestëmmt ze kréien.

Op domatter d‘Suerge vum Handwierk vum Dësch sinn? Et ass een op der Handwierkerkummer schonn emol ganz zefridden, datt de Flächenamenagéierungsplang fir d‘Land ofgestëmmt ginn ass. Elo hofft een nach drop, datt d‘Regierung sech Prioritéite setzt, soss wäert et enk ginn.

Et ass een also nach wäit ewech, vun enger fir Betraffen zefriddestellender Léisung. An trotzdeem kuckt een op der Handwierkerkummer zouversiichtlech an d‘Zukunft. Den Tom Wirion erkennt datt et vill Efforte während de leschte Jore ginn huet. Dat wieren allerdéngs nëmmen éischt Schrëtt, an et dierft een elo och net op hallwer Streck stoe bleiwen.

Related topics Aktivitéitszonen, Handwierkerkummer, Norry Dondelinger, Tom Wirion, Wirtschaft
Next post Previous post