Search

You may also like

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt
Neiegkeeten

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt

Den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet an d’Sam Tanson,

Natura 2000 „Atert-Warkdall“ – fir den Naturschutz a Liewensqualitéit!
Neiegkeeten

Natura 2000 „Atert-Warkdall“ – fir den Naturschutz a Liewensqualitéit!

Am fréie Virmëtteg ass zu Réiden un der Atert d’Aarbecht

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie
Neiegkeeten

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen

Aarbechtsaccident op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, ass et op der Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg an Diddenuewen zu erhiefleche Behënnerunge komm. Ee Mataarbechter vun der Eisebunn (CFL) war vun engem Regionalexpress-Zuch (TER) a Richtung Diddenuewen erfaasst ginn

Och déi betraffe Gesellschafte CFL an SNCF hunn de Virfall confirméiert. Esouwäit et bekannt ass, ass en CFL-Aarbechter géint 7.30 Auer bei Diddeleng vum laanschtfuerenden TER erfaasst an heibäi blesséiert ginn. De Mann ass op der Plaz éischtversuergt an dunn uschléissend an d‘Spidol iwwerstallt ginn. Et heescht awer datt de Mann net Liewensgeféierlech blesséiert gi wier.

Diddenuewen

Zur Ermëttlung vun der Ursaach, déi zu dësem Accident gefouert huet, sinn d‘Spuresécherung vun der Police an d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) op d‘Plaz bestallt ginn. De ganze Virmëtteg war d‘Streck gespaart. Hei hunn d‘Voyageure missen op de Schinnenersatzverkéier ëmklammen. Kuerz virun 10 Auer hunn d‘Autoritéiten dann d‘Streck nees fräiginn, an zanter 11 leeft nees alles normal.

Illustratioun: De Regionalexpress (TER) gëtt vun der franséischer Eisebunn SNCF operéiert. © Les Frontaliers Grand-Est (Archive)

Related topics Aarbechtsaccident, CFL, ITM, Lëtzebuerg-Diddenuewen, Police, SNCF, TER
Next post Previous post