Search

You may also like

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert
Neiegkeeten

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem

Duck Race 2019: e puer Impressiounen
Neiegkeeten

Duck Race 2019: e puer Impressiounen

Leschte Weekend war an der Stad bei der Péitruss eng

Ab dem 12. Juli ass d’Rue de Strasbourg fir de Verkéier tabu
Neiegkeeten

Ab dem 12. Juli ass d’Rue de Strasbourg fir de Verkéier tabu

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Etablissementer vum Horesca-Secteur an der

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“

Lëtzebuerg: Ab haut kann een nees d’Stad „Iwwerblécken“

De „City Skyliner“, deem et un Erfolleg am leschte Joer net gefeelt huet, ass nees op „senger“ Plaz bei der Gëlle Fra, an dat nach bis den 12. August. Hei gëtt engem en „Iwwerbléck“ op eis Haaptstad gebueden, wéi een en seelen huet.

„Mat sengen 81 Meter Héicht an der Kabinn déi sech ëm 360° dréit, kann ee sech d’Stad besser net ukucken“ ass eng Ausso, déi eis kaum ee vun de villen Dausend Visiteuren aus dem leschte Joer géif streideg maachen. Et ass, op dëser gréisster mobiller Observatiounsplattform vun der Welt, bei guddem Wieder méiglech, ganzer 29 Kilometer wäit an d’Land ze kucken.

Et ass een net schlecht beroden seng Spektiv oder, fir d’Fotosamateuren, dat déi ganz grouss Lëns anzepaken, wann ee sech den Ausbléck net wëll entgoe loossen. Siwe Minutten dauert eng Ronn am Skyliner. En „Audio-Guide“ erzielt bei der Faart d’Geschicht vun de wichtegste Gebaier, déi hei aus enger ganz anerer Perspektive beandrocke kënnen.

Ee Freideg hat de Stater Schäfferot seng „sneak-preview“ mam City Skyliner, an den 1. Schäffen, Serge Wilmes (CSV), war vun der Aussiicht begeeschtert. Et wier en anere Bléck deen een hei op d’Stad kritt. Hei géif ee sech emol e Bild vun den Dimensioune maachen, dat bei Gebaier déi een eigentlech denkt gutt ze kennen. Mat aner Wierder: Den 1. Schäffe war begeeschtert.

A begeeschtert war dann och de Schäffen, Patrick Goldschmidt (DP), wuel och vun der Aussiicht op 81 Meter, mee virun allem, datt si dës Attraktioun nees konnten iwwert de Summer op Lëtzebuerg lackelen. D’Offer engersäits, mee sécherlech och den enorme Succès deen de City Skyliner, d’lescht Joer hat, hunn de Besëtzer ermontert. Deen huet alles an Däitschland ofgesot, fir nees hei ze sinn.

Eng flott a gutt Geschicht, déi och der Stad Lëtzebuerg als Touristenhéichbuerg eng cool Reklamm mécht. A mat enger Rondëmsiicht sollt engem och bewosst ginn, wéi sech d’Stad verännert. Vun „do Uewen“ gesäit een och d’Chantiere ganz gutt. A wien seng Biller vum leschter Joer nach virun Aen huet, deen dierft deels erstaunt sinn, wat sech do um Buedem alles gedoen huet.

Zum Tarif an den Auerzäite geet hei weider…

Foto: © Nancy Klauner

Related topics City Skyliner, Gëlle Fra, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post