Search

You may also like

money
Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht
Neiegkeeten WTF

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Vu Boeing schwéier ënner Drock gesat, huet den Hiersteller Bombardier

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Neiegkeeten WTF

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

Ab dem 12. Juli ass d’Rue de Strasbourg fir de Verkéier tabu
Neiegkeeten WTF

Ab dem 12. Juli ass d’Rue de Strasbourg fir de Verkéier tabu

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Etablissementer vum Horesca-Secteur an der

surprise

Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?

Ëmmer ërem an der Diskussioun

Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?

Et ass eng Diskussioun, déi ëmmer erëm opkënnt: Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien? Am Moment ass et jo esou, datt et der véier gëtt: Norden, Süden, Osten an Zentrum. Dobäi gi bei den nationalen an europäesche Wahlen dann jee Wahlbezierk nëmmen eng begrenzten Unzuel vun Deputéierte gewielt.

Wéi gesäit dat konkret aus? Ma, am Norden ginn 9, am Osten 7, am Süden 23 an am Zentrum 21 Deputéiert gewielt. Dëst ass esou an eiser Konstitutioun an den Artikelen 51, 52 an 53 verankert.

A wéi sou oft ass nach laang net jiddereen domadder glécklech.

Eng Petitioun a seng Begrënnungen

Elo ass erëm eng Petitioun online, wou een säi Besoin fir eng Ännerung kann zum Ausdrock bréngen. Mee wéi eng Grënn géif et ginn, fir dëst ze änneren? Doriwwer gouf an Zeitungen a Blogs hei am Land schonn ëfters bericht. De Blogger Claude Feltgen huet zum Beispill am Joer 2015 schonn doriwwer geschriwwen: D‘Wahlbezierker wieren onzäitgeméiss, well se eng Reegelung aus dem Postkutschenzäitalter géife reflektéieren.

Och fir de Blogger Claude Biver erginn sech hei Problemer. Hie bemängelt, datt sech duerch déi Oftrennung an eenzel Wahlbezierker jeeweils konkret Sperrhürden géifen erginn, bei deenen kleng Parteie Krämpes hätten, fir driwwer ze kommen. Gréisser Parteien dogéint géife bevirdeelegt ginn. Ganz konkret: Wann 2013 nëmmen ee Wahlbezierk bestanen hätt, hätten d‘CSV, d‘LSAP an d‘DP all ee Sëtz manner gehat, déi dunn un d‘ADR, Pid a Piratepartei gefall wieren. Och de Fernand Fehlen huet ëm déi selwecht Zäit am Forum eng eege Léisung beschriwwen, bei där déi kleng Parteien net méi benodeelegt ginn.

Wéi gesinn d‘Perspektiven aus?

Op dës Petitioun eppes konkret ännere kann, ass eng ganz aner Fro. Souguer wann se elo fräigeschalt gëtt a genuch Ënnerschrëften zesumme kritt, wier et e laange Wee. Well fir dës Reegelung ze änneren, brauch een eng ¾ Majoritéit fir d‘Verfassung ze änneren. Kuerz, souguer wann d‘Regierung wëlles wier, fir et ze änneren, bräichten se den Soutien vun der CSV.

Related topics Chamberwahlen 2018, Lëtzebuerg, Politik
Next post Previous post