Search

You may also like

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)
Money Neiegkeeten

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)

E leschte Samschdeg si gläich e puer grouss Demonstratiounen zu

Frae verschibe weiderhin hire Kannerwonsch
Money Neiegkeeten

Frae verschibe weiderhin hire Kannerwonsch

All Dag klëmmt d’Zuel vun de Fraen, déi sech dogéint

What the Fakt – 35 Joer Sproochegesetz fir Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten

What the Fakt – 35 Joer Sproochegesetz fir Lëtzebuerg

Um haitegen Dag ass et ewell 35 Joer hir, datt

money

D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel

Mat engem Akafsbong am Wäert vu 50 Euro, dréit d‘Haaptstad zur wirtschaftlecher Relance bäi

D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel

Wéinst dem Confinement iwwert den Zäitraum vum Etat de Kris, huet den Eenzelhandel grad wéi den Horesca-Secteur zolidd ze kämpfe gehat. Si ware gezwongen hir Dieren zouzemaachen – wann si net zu den essentiellen Déngschtleeschter gezielt hunn – a well d‘Stad Lëtzebuerg nees eppes fir méi Attraktivitéit suerge wëll, hunn si sech eng flott Iddi afale gelooss.

Esou gouf beschloss, datt d‘Stad Lëtzebuerg vun allen um Projet interesséierte Geschäftsleit géif 20 Akafsbongen am Wäert vu 50 Euro ofkafe géif. Fir Geschäfter, déi esou en Akafsbong nach ni op hirem Schierm haten, huet et dann och gutt Rotschléi ginn. Den Appell gouf vun 1.086 Geschäfter gehéiert. Dat entsprécht 21.720 Akafsbongen am Gesamtwäert vun 1.086.000 Euro.

Als besonnesche Geste dierf ervirgehuewe ginn, datt sech d‘Stad Lëtzebuerg 5.500 Akafsbongen zu eegenen Zwecker reservéiert huet. Déi sinn de Mënschen aus akommesschwaache Menage virbehale, wat eng ganz lueflech Iwwerleeung ass. Déi reschtlech Akafsbonge kann een elo iwwert ee klenge Concours gewannen. Dorunner deelhuelen ass dann och einfach.

Et kann een engersäits iwwert den Online-Formulaire deelhuelen, mee et ass och méiglech esou een Akafsbong iwwert déi verschidde sozial Netzwierker (FacebookInstagramTwitter) ze gewannen. All Haushalt sollt dann an der tëscht och eng Brochure an der Breifkëscht fonnt hunn, an deem all déi Geschäfter opgelëscht sinn, wou een dësen Akafsbong dann och kann aléisen.

De ganzen Detail zum „Wéi a Wat“ fënnt ee wéi gewinnt op der Internet säit vun der Stad Lëtzebuerg.

Related topics Eenzelhandel, Geschäftsleit, Geschäftsverband, HORESCA, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post