Search

You may also like

Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck
Fail Neiegkeeten

Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck

Wéi de CGDIS matdeelt ass haut um 12:30 Auer gemellt

geek
Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht
Fail Neiegkeeten

Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht

Mat engem Blogpost, huet Facebook gëschter d‘Community informéiert, datt d‘Entreprise

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!
Fail Neiegkeeten

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!

Duerch déi verschäerften Ugrëff op d’Mënschen am Gazasträifen fuerderen kommunistesch

dislike

Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa

Mee mir sinn am Opwand

Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa

D’Situatioun, wat erneierbar Energie ugeet huet sech an Europa staark gebessert: Goufen 2004 nëmmen 8,% vun der Energie duerch erneierbar Quelle produzéiert, waren et 2016 der schonn 17%! Dëst weisen nei Zuele vun Eurostat. D’Zil ass et, fir bis 2020 den Undeel vun erneierbarer Energie bis op 20% erop ze dreiwen. Bis 2030 sollen et der esou guer 27% sinn.

Schweden ass hei den europäesche Streber: Do ginn mëttlerweil 53,8% vum Stroum duerch erneierbar Energien produzéiert. Hannendrun sinn Finnland (38,7%), Lettland (37,2%), Éisträich (33,5%) an Dänemark (32,2%). Schlussliicht sinn Lëtzebuerg (5,4%), souwéi Malta an Holland mat 6%.

Dobäi gëtt et och am Groussherzogtum eng kloer Entwécklung. 2004 si mer op Moer 0,9% komm. Zéng Joer mi spéit waren et der schonn 4,5%. An awer, wa mer eis mat Malta vergläichen, gesäit et net gutt: Hir Ausgangspositioun louch bei 0,1% am Joer 2004, haut sinn se ëmmerhin op 6% erop. Bis 2020 hu mer eis virgeholl, op 11% ze kommen.

Related topics Erneierbar Energie, EU, Lëtzebuerg
Next post Previous post