Search

You may also like

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert
Neiegkeeten

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert

Schoulvakanz an Zäite vum Coronavirus Covid19, dierft den Eltere komesch

Grenziwwerschreidend Regierungskritik
Neiegkeeten

Grenziwwerschreidend Regierungskritik

Nodeems d‘Gesondheetsministesch nees an de Fokus vun der Kritik säitens

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert
Neiegkeeten

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert

Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn.

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

All Dag ginn hei am Land 33 Autoen ugemellt, dat ass eng Ukënnegung

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter vun der KPMG virgestallt ginn ass, wier och weiderhin e ganz dynamesche Maart fir d‘Automobilsbranche. D‘Etüd huet sech allerdéngs an éischter Linn dem globale Marché ugeholl, an dann dem lokale Maart.

Aus dëser Etüd ginn awer eng Rei interessant Zuelen ervir. Aktuell géif et ronn 415.000 Gefierer (dat entsprécht enger Croissance vu +2,95%) a bis 2026 sollen et der iwwer 500.000 sinn. Fir dat Bild eppes ze verdäitlechen, huet de Senior Manager vun der KPMG, Bruno Magal preziséiert: „Fir d‘Dynamik vum Secteur ze verstoen, muss ee wëssen datt iwwert déi lescht 2 Joer an der Moyenne all Dag 33 nei Autoen ugemellt goufen“. Dat ass gemooss un der Gréisst vum Land, eng Nummer.

Et muss rullen

E weideren Indicateur, un deem sech festmaache léisst, datt et dem Automobilsecteur an eisem Land éischte gutt geet: pro dausend Awunner gëtt 739 Autoen. Esouvill wéi soss néierens an Europa. Lëtzebuerg verfüügt dann iwwert ee vun de jéngste Fuerparken an der Unioun. Esou sinn d‘Autoen zu Lëtzebuerg am Schnëtt 6,3 Joer al, während ei europäesch Moyenne bei 11 Joer läit.

Hei bemierkt de Bruno Magal dann awer: „Et ass festgestallt ginn, dat eng kleng Diskrepanz gëtt. Esou huet et ëmmer manner Autoen ënner 2 Joer, mee vill méi Gefierer déi eeler wéi 10 Joer sinn. Dat huet och mam groussen Zousproch vir „aalt Geschir“ spréch Oldtimer a Youngtimer ze dinn. D‘Freed un alen Autoen huet zu Lëtzebuerg Traditioun, an d‘Veräiner sinn net méi opzezielen.

Wat soen d‘Motorisatioune?

Interessant, an dat obwuel et dem europäeschen Trend entsprécht, den Diesel (61,81%) 58,95% verléiert bestänneg u Maartundeel, géintiwwer dem Bensinner (36,69%) 39,17%. Erstaunlech am verglach zu anere Länner, ob 100% elektresch oder Hybrid, dëst Segment kënnt op kläglech 1,87%. Fir de Manager vun der KPMG huet dat esouwuel mam Präis ze dinn, wéi mat den Infrastrukturen.

Och wann een hei behaapten dierf, datt et bei eis – wat d‘Opstelle vu Opluetstatioune betrëfft – besser virugeet wéi bei de Noperen. Esou wier de Problem hei och d‘Fiskalitéit, déi een nach net wierklech ermontert ëmzeklammen. An dat ass eigentlech, bezunn op d‘Gréisst vum Land an senge „kuerze Weeër“, onverständlech. Esou ergëtt et sech, dat Lëtzebuerg beim CO²-Ausstouss, ee vun de ganz schlechte Beispiller ass, och wann een do relativiséiere muss.

Related topics Automobilindustrie, KPMG, Lëtzebuerg
Next post Previous post