Search

You may also like

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent
Neiegkeeten

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg
Neiegkeeten

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 –

Sea-Watch3 leeft zu Lampedusa an den Hafen an
Neiegkeeten

Sea-Watch3 leeft zu Lampedusa an den Hafen an

Schëff vun der ONG „Sea-Watch“ ass entgéint dem Uerder vum

Lëtzebuerg eruewert de Weltall

Lëtzebuerg eruewert de Weltall

Mir haten et Mëtt-August grouss ugekënnegt: Lëtzebuerger Schüler sollten engem Exoplanéit a sengem Stär e Numm ginn. Ma gëschter war et esouwäit a béid Weltraumkierper, sinn nieft engen 110 aneren Exoplanéiten an hire Stären, am Kontext vun der Campagne IAU100 benannt ginn.

Et war eng Aktioun déi sech am Kader vum 110. Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen Unioun (IAU) ofgespillt huet, an déi gëschter zu Paräis d‘Nimm vun all dësen Exoplanéiten an hir Stären, déi bis heihinner just eng „Nummer“ waren, bekannt gemaach. Den Exoplanéit dee fir eist Land ausgewielt gouf war den HD45350b mat sengem Stär HD45350.

De Planéit heescht elo „Péitruss“ an de Stär „Lucilinburhuc“. Dës Nimm ginn dann och nieft deene vun der wëssenschaftlecher Nomenklatura gefouert an ginn där Persoun, dem Grupp oder der Organisatioun zougeschriwwen, déi den Numm virgeluecht hunn. De Stär deen all Land esou zougewise gouf ass dann och Hell genuch fir mat engem klengen Teleskop erbléckt ze ginn.

Zu Lëtzebuerg war den nationale Comité, dee säi Sëtz am naturhistoresche Musée huet, fir d‘Areeche vun den Nimm verantwortlech. Déi hunn zesumme mam Musée d‘Schüler am Land agelueden sech un dësem Projet ze bedeelegen. 12 Koppelen Nimm goufen zur Auswiel ausgesicht a stounge beim Science Festival fir d‘Visiteuren zum Vott.

D‘Propose vun der Klass 3.2 vun Eischen war Luxigi/Luxina an déi ware bei de Leit esou gutt ukomm, datt si de populäre Vott gewonnen hunn. Zréckbehale gi sinn dann awer déi Nimm, déi vun der 3èB aus dem Iechternacher Lycée virgeluecht goufen. Dat berechtegt sech doduerch, datt et déi eenzeg Nimm waren déi de Krittäre vum Reglement entsprach hunn.

Related topics Exoplanéiten, IAU, Naturmusée, Stären, Weltall
Next post Previous post