Search

You may also like

Naturkatastroph: Wou kann ee sech finanziell Hëllef ufroen?
Kultur Neiegkeeten

Naturkatastroph: Wou kann ee sech finanziell Hëllef ufroen?

Op guichet.lu si Formulaire bereetgestallt ginn, wou sech d‘Menagen, d‘Entreprisen

De Minister Bausch besicht d’NSPA zu Capellen
Kultur Neiegkeeten

De Minister Bausch besicht d’NSPA zu Capellen

Gëschter huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch d’NSPA, wat

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza
Kultur Neiegkeeten

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire

De Kulturministère annoncéiert de Programm vun de Lëtzebuerger op der 70. Frankfurter Bicherfoire. Vum 10. bis de 14 Oktober wäerte ronn 20 spannend Eventer vu Liesunge vu Kannerbicher iwwer Ronndëschgespréicher bis hin zu Live-Virstellungen um Lëtzebuerger Stand (Hal 41, Nr. B1) an op der Liesbühn vum Gelänn vun der Foire zu Frankfurt oflafen.

Ongeféier 40 Auteuren a Moderatore ginn op dësem Event ronderëm déi Lëtzebuergesch Präsenz aktiv agebonne sinn. Sou gëtt wärend dem ganzen Zäitraum vun der Foire een ofwiesslungsräiche Programm op eisem Stand a sechs ëffentleche Liesbühnen gebuede ginn.

Déi feierlech Erëffnung vum Stand ass den 10. Oktober um 15:00 Auer duerch de Staatssekretär Guy Arendt. Donieft ass e Freideg, den 12. Oktober um 17:30 Auer een Get-Together fir d’Editeuren.

D’Richtlinnen zum Opruff vum Projet gesi fir, datt d’Virauswiel vun de Veranstaltungen engem Konsultatifkrees an déi de definitiv Auswiel enger Koordinatiounsgrupp gemaach gëtt. Dëse Grupp versammelt Partner a Representante vun den Auteuren an Editeuren, sou wéi Representante vum Conseil National de Livre kuckt op d’Kohärenz vum Programm a vum Budget, wéi och op eng ausgewoen Representatioun vun den Editiounshaiser a Sproochen.

HEI fannt dir de ganze Programm

All Infoen zur Foire ginn et op www.buchmesse.de

Related topics Bicher, Frankfurter Buchmesse, Guy Arendt, Lëtzebuerg
Next post Previous post