Search

You may also like

Rapp a Klapp zum Joreswiessel
Neiegkeeten

Rapp a Klapp zum Joreswiessel

Kann een d‘Zivilgesellschaft nach a Fro stellen, wann dës am

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt
Neiegkeeten

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Um Dënschdeg huet den OGBL bekannt ginn, datt et zu

Lëtzebuerg – Kanada: Einfach reese fir Jugendlecher!

Lëtzebuerg – Kanada: Einfach reese fir Jugendlecher!

Am Kader vun der Konferenz vun Toronto zu de Reformen an der Ukrain, hat de Minister Jean Asselborn eng bilateral Entrevue mat der kanadescher Ausseministesch Chrystia Freeland.

Bei hirem Treffen hu béid Ministeren am Numm vun hirem jeeweilege Land ee Protokoll zur Mobilitéit vun de Jonken ënnerschriwwen. Esou kréien all Joer 100 jonk Ressortissanten, déi tëscht 18 an 30 Joer jonk sinn an aus Kanada oder dem Grand-Duché kommen, d’Méiglechkeet vun engem Openthalt vu maximal engem Joer am Partnerland ze profitéieren.

An dëser Period steet et hinne fräi, ob si fräi reesen, schaffen oder studéiere wëllen. D’Gaaschtland këmmert sech dobäi ëm den eemolege Visum, och „Visa Vacances-Travail“ genannt.

D’Intentioun vun dësem Austauschprogramm ass et, de jonken Erwuessenen ze erméiglechen am Partnerland Vakanz ze maachen an eng aner Kultur kennenzeléieren. Donieft kann een och eng bezuelt Aktivitéit ausüben, oder och Studie verfollegen. Heifir muss ee just déi finanziell Mëttel hunn, fir seng Rees am Gaaschtland ufänken ze kënnen.

Schonn am Viraus huet Lëtzebuerg esou Verträg mat Australien, Neiséiland an dem Chile ënnerschriwwen. Momentan si Verhandlunge mat Südkorea am gaangen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Chrystia Freeland, kanadesch Ausseministesch; Jean Asselborn © MAEE

Related topics Chrytia Freeland, Jean Asselborn, Kanada, Protokoll, Reesen, Visum
Next post Previous post