Search

You may also like

surprise
Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren
Neiegkeeten

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

De Gemengewahlkampf leeft haut offiziell un. A wéi bei all

Bolsonaro verbitt d‘Feier
Neiegkeeten

Bolsonaro verbitt d‘Feier

Nom Drock vun der internationaler Communautéit an der „Interventioun“ vu

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un
Neiegkeeten

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un

Um Mëttwoch huet Nordkorea eng ballistesch Interkontinentalrakéit ofgeschoss, déi amstand

Wéi ee Lëtzebuerg no der Kris?

Um Mëttwoch huet d‘Caritas, de soziale „Fleuron“ vun der kathoulescher Kierch, déi 15. Editioun vum „Sozialen Almanach“ presentéiert

Wéi ee Lëtzebuerg no der Kris?

De „Sozialen Almanach 2019“ vun der Caritas, dee fir de Präis vun nëmmen 19,50 Euro (plus „Timber“ fir d‘Zousendung falls e bestallt gëtt) bei der Caritas um 29 Michel Welter Strooss, an alle gudde Librairie kann ofgeholl, oder mëttels Iwwerweisung op den CCPL – IBAN LU26 1111 0202 0024 0000 mat der Mentioun „Sozialen Almanach 2019“ ka bestallt ginn, gouf gëschter virgestallt.

Wann d‘Mentioun elo och irritéiert, et kritt en awer sécher d‘Editioun „Sozialen Almanach 2021“ an de Grapp gedréckt oder vum Bréifdréier geliwwert. Erënnere mir nach kuerz drun, datt et och eppes zur Traditioun gehéiert, datt dëst Dokument ëmmer kuerz virum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun virgeluecht gëtt. Aus Grënn dierft dës Ried elo awer eréischt am Hierscht gehale ginn.

Sënn an Zweck vun der Stellungnam säitens der kathoulescher Kierch ass et, der Politik, Wirtschaft an Zivilgesellschaft eppes ze ginn, wouriwwer se nodenken a matenaner schwätze sollten. An dëser Editioun mam Titel „Wéi ee Lëtzebuerg fir muer? Eraus aus der Kris – mee wouhin?“ hält ee sech u Bewäertes. Et huet déi bekannte Retrospektiv (Lag vun der Natioun & politesche Bilan), da geet et ëm d‘Siicht op d‘Zukunft, dat mat Beiträg aus dem In- an Ausland, a ganz vill Statistiken.

Caritas(vlnr) Marc Crochet, Generaldirekter vu Caritas Lëtzebuerg; Marie-Josée Jacobs, Presidentin vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg; Robert Urbé, Redakter a Koordinator vum Almanach. © Caritas Lëtzebuerg

D‘Pandemiejoer huet aus verständleche Grënn eng gréisser Plaz ageholl, dat wëll d‘Kris schonn existent Problemer nach soll däitlech verschlëmmert hunn. Mee och méi generell Theme wéi déi éiweg gefuerdert sozial Gerechtegkeet, de Logement an „aner Klassiker“ goufe berécksiichtegt. A wann d‘Auteure Recht hunn, da brauch et kee Virus, d‘Situatioun géif och ouni ëmmer schlëmmer.

Fir d‘Presidentin vun der Caritas a fréier CSV-Familljeministesch Marie-Josée Jacobs, muss ee sech der Evidenz stellen, datt d‘Aarmut zu Lëtzebuerg weder ee punktuellen nach ee regionale Problem ass. Si fuerdert vun der Regierung, datt si den Accès zu de sougenannten „Sozialen Epicerien“ elo erliichtert an auswäit. Och sollen d‘Familljenzoulagen net gekierzt ginn, hei besonnesch bezunn op de Kontext betreffend d‘Kanner vu Grenzgänger oder Bierger déi net bei CNS affiliéiert sinn.

Gefuerdert gëtt, datt d‘Familljenzoulage gehéicht en entspriechend dem Akommes sollen zougewise ginn. De CSV-Deputéierte Marc Spautz huet jo ee Gesetzprojet zur automatescher Reindexéierung vun de Familljenzoulagen agereecht. Am Kontext vun der Reprise, déi ee Wuesstem vu 6% soll bréngen, wëll d‘Caritas wëssen, wien dann dovunner profitéiere soll. Bleift et wéi et ëmmer war?

Illustratioun: Cover vum „Sozialen Almanach 2021“

Related topics Aarmut, Caritas, Politik, Sozialen Almanach, Soziales
Next post Previous post