Search

You may also like

Chantier an der Rue Ste Zithe (05-07.12.2020)
International Neiegkeeten

Chantier an der Rue Ste Zithe (05-07.12.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Luxtram-Chantier dat

Vollekszielung muss waarden
International Neiegkeeten

Vollekszielung muss waarden

Well déi sanitär Situatioun am Land nach ëmmer eppes oniwwersiichtlech

Ein Wort in Esels Ohr
International Neiegkeeten

Ein Wort in Esels Ohr

An der Literaturwelt ass de Jérôme Jaminet keen Onbekannten. National

Covid-19: Lëtzebuerg dierf net méi als Risikogebitt agestuuft ginn

Covid-19: Lëtzebuerg dierf net méi als Risikogebitt agestuuft ginn

Déi nei epidemiologesch Zuele vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère weisen, datt d’Neiinfektioune staark réckleefeg sinn. Mat 47,44 Neiinfizéierten op 100.000 Awunner am Zäitraum vum 3. bis den 9. August ënnerschreide mir déi vun den däitschen Autoritéiten festgeluechte Mark vu 50 Fäll op 100.000 Awunner, wouduerch mir jo eigentlech net méi als Risikogebitt dierften agestuuft ginn.

Ma, genee an dësem Kader huet de Baussen- an Europaminister Jean Asselborn sech schrëftlech un säin däitschen Amtskolleg Heiko Maas geriicht, fir d’Entwécklung vun den Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg opzeweisen. Dës weideren huet hien nach emol op eis groussflächeg Teststrategie an de Contact Tracing higewisen.

A sengem Schreiwes betount de Minister, datt Lëtzebuerg mat dëser Evolutioun den däitsche Kritären no net méi d’Astufung als Risikogebitt dierf hunn. D’Aschränkunge bei der Beweegungsfräiheet tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, sou wéi d’Warnunge solle schnellstméiglech opgehuewe ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean Asselborn, Baussen- an Europaminister; Heiko Maas, däitschen Ausseminister © European Union

Related topics Beweegungsfräiheet, Covid-19, Fräiheet, Heiko Maas, Infektiounszuelen, Jean Asselborn, Lëtzebuerg, Neiinfektiounen, Pandemie, Reeswarnungen, Risikogebitt
Next post Previous post