Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den
[onionbuzz quiz-id=214][/onionbuzz] Wann et ëm Uertschafte geet, dann hunn der
De Matt ass Matrous u Bord. Hien hëlleft d’Schëff vun
Zwou chinesesch Provënzen, Taiwan, Macao, Thailand, Japan, Korea an d’Vereenegt Staaten ziele schonn een oder méi Fäll misse konstatéieren, bei deene Persounen sech mat der gefierchteter Longenerkrankung ugestach, respektiv de Coronavirus importéiert hunn. Och am Groussherzogtum bereet ee sech op den Eeschtfall vir, och wann d’Wahrscheinlechkeet d’Erkrankung duerch Reesen anzeschleefen als geréng agestuuft gëtt.
Och wann et keng direkt Verbindung tëscht eisem Land an der chinesescher Stad Wuhan gëtt, esou kann a soll een d’Importatioun vun Eenzelfäll ni ausschléissen. Sollt ee Patient déi typesch Symptomer (Féiwer, Houscht, Otemproblemer) opweisen, réit d’Direktioun vun der Santé sech emol iwwert de Verlaf vun de Reese vun de leschten zwou Woche vun der concernéierter Persoun ze informéieren.
All verdächtege Fall muss direkt vum Dokter der Santé gemellt ginn. Wien sech an der vum Virus befallener Regioun opgehalen huet a Symptomer opweist, dee muss am Spidol an ee speziellt Isolatiounszëmmer am CHL komme fir eng adequat Behandlung ze kréien a keng aner Persounen unzestiechen.
Zur aktueller Stonn entwéckelt den Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) verschidden Tester zur Identifikatioun vum 2019-nCoV Parallel besteet een Accord mat der Charité Berlin fir d’Echantillone vum LNS ze analyséieren.
D’Stad Wuhan steet ënnert Quarantaine. Weder Zich, nach Fligeren dierfen an d’Stad mat sengen 11 Milliounen Awunner am Zentrum vu China verloossen. Passagéier, déi am Ëmkrees vum Pazifik, Groussbritannien, Nigeria, China oder Italien reese mussen un zuelräiche Fluchhäfe mat Temperaturkontrolle vum Kierper rechnen. Hei ginn nämlech direkt Loftverbindungen zur Regioun Wuhan ugebueden.
A wat soen se zu Lëtzebuerg um Fluchhafen? Mir hunn de Moie versicht vu Lux-Airport Informatiounen ze kréien, wéi dat hei zu Lëtzebuerg a Punkto „Monitoring“ am Kontext vum Coronavirus gehandhaabt gëtt. Déi Damm, déi mir erwëscht hunn, wousst net vu wat mir géife schwätzen a mir sollten dach eis Fro schrëftlech areechen, well déi Leit, déi kéinten op eis Froen Äntwerte, nach net am Haus wieren ( 9.15 Auer). Elo waarde mir op hir schrëftlech Äntwert.
Huet ee sech um Lux-Airport scho mam Thema ausernee gesat?
Wëll een a China reesen, réit d’Direktioun vun der Santé:
Fir weider Informatiounen zur Situatioun zu Wuhan, wéi och nëtzleche Rotschléi fir reesend Persoune sollt een d’Säit www.who.int besichen.