Search

You may also like

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert
Neiegkeeten

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert

No der Ofso vum geplangte Meeting mat Vertrieder vun den

CSD Berlin 2021 mat 65.000 Mënschen – Hinnen huet d’Opléisung gedreet
Neiegkeeten

CSD Berlin 2021 mat 65.000 Mënschen – Hinnen huet d’Opléisung gedreet

Zu Berlin si leschte Samschdeg zéngdausende Mënschen um Christopher Street

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen
Neiegkeeten

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum

Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum

Den nationale Reguléierungsinstitut (ILR) huet elo d‘Zuelen am Bezuch op de Stroum– a Gasmaart fir d‘Joer 2020 zortéiert. Aus dësen Donnéeë geet ervir, datt d‘Zuel vun de Konsumenten, déi hire Fournisseur gewiesselt hunn, géintiwwer 2019 éischte gläich bliwwen ass. Interessant awer nach, datt déi national Stroumproduktioun geklommen ass, a majoritär aus erneierbare Ressource kënnt.

1) Stroum

Am Rapport zu den Zuele betreffend de Stroummaart, steet datt sech 2020, 1.046 Cliente fir en anere Fournisseur entscheet hunn. Beim Volumme mécht dat 0,7% aus, bezunn op d‘Zuel vun de Cliente sinn et nach 0,3%. Näischt Besonnesches also, woubäi een dierf bemierken, datt de Mënsch ee Gewunneschtsdéier ass, an dësen sech schonn zolidd iergere misst, fir iwwerhaapt an d‘Gäng ze kommen. Dat gëllt och fir vill aner Beräicher, déi emol zum ëffentlechen Déngscht gehéiert hunn.

Den ILR stellt dann nach fest, datt am Kontext vum Confinement, de Stroumverbrauch ëm 4,5% géintiwwer 2019 zeréckgaangen ass. Alles an allem goufen am Land 6.262 Gigawatt-Stonn (GWh) verbraucht. Dovunner wieren 19,3% zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn. Vun den esou an de Reseau abruechten 1.208 GWh, sollen 81% vun der nationaler Produktioun aus erneierbare Ressourcen hierkommen. An Zuele sinn dat 979 GWh (802GWh waren et nach 2019). Eng gutt Hausse also.

2) Gas

Beim Gas huet et bekanntlech kee „grénge“ Volet, mee trotzdem interessant Zuelen. Och hei gouf am Pandemiejoer wesentlech manner Gas verbraucht. Den ILR mécht dat natierlech un der Kris an dem Confinement fest, stellt dann awer nach kloer, datt sech och ee mëlle Wanter op de Konsum auswierkt. D‘Baisse bedréit ronn 9% a geet vun 8.880 GWh (2019) op 8.090 GWh (2020) erof. Hei hunn 191 Clienten de Fournisseur gewiesselt. Op d‘Grënn gouf jo scho beim Stroum higewisen.

Hale mir dann nach fest, datt wann elo manner Stroum verbraucht ginn ass, d‘Fournisseuren awer kee Verloscht gemaach hunn. De Géigendeel ass de Fall, well wann de Konsument vernënfteg gëtt, also méi attentionéiert mat de Ressource ëmgeet a folgerichteg Stroum/Gas spuert, da zéien um Maart d‘Präisser no. Beim Stroum ass et eng Hausse vu ganzen 10% fir 2020, an do hat et ganz vill bëllege Stroum op de Mäert. Beim Gas huet et wuel eng Baisse vun 10% fir residentielle Client, mee och dees hat et 2020 einfach ze vill. Mat der Reprise an der CO²-Steier gëtt dat da korrigéiert.

Illustratioun: © Alessandro Bianchi / unsplash

Related topics Gasmaart, Gaspräis, ILR, nationale Reguléierungsinstitut, Stroummaart, Stroumpräis
Next post Previous post