Search

You may also like

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn
Neiegkeeten

EU, USA, Benelux: E stramme Méindeg zu Bréissel fir de Minister Asselborn

Gëschter hat eise Baussen-an Europaminister Jean Asseborn zu Bréissel e

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un
Neiegkeeten

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un

Ab muer Donneschdeg gëtt bei eis am Land dat modifizéiert

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend
Neiegkeeten

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend

Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Den Direkter vun der Santé huet déi héchst Alarmstuf wéinst der Hëtztwell ausgeruff

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Wéi de Gesondheetsministère um Samschdeg matdeelt, ass et unhand de Previsioune vu MeteoLux noutwenneg, vum Niveau „Orange“ op déi héchsten Alarmstuf „Rout“ iwwerzegoen. An den nächsten Deeg sollen d‘Temperaturen sech iwwer 35°C (am Schied) festsetzen, dat mat enger Moyenne vun iwwer 23°C. Et gëtt also och Nuets keng Entspanung an dat biergt Geforen.

Aus dësem Grond huet den Direkter vun der Santé den Niveau 3 ausgeruff, esou wéi dat jo och am Aktiounsplang 2020, am Fall vun enger Hëtztwell (Plan Canicule) virgesinn ass. Fir d‘Bierger gëtt et dozou ee Flyer (op däitsch – op franséisch) mee et gëtt och un déi Leit geduecht, déi duerch dës onmënschlech Hëtzt kéinte gesondheetlech kréien. Besonnesch eeler Matbierger, Bëbeeën a Leit mat chronesche Krankheete verdroen dës Temperature ganz schlecht.

Santé

De „Plan Canicule“ bitt Mënschen ab 75 Joer, déi eleng wunnen, eng begrenzten Autonomie hunn a keng Hëllef säitens der Assurance-Dependance kréien un, sech op eng Lëscht anzeschreiwen, fir vu Visite profitéieren ze kënnen, an falls noutwenneg ënnerstëtzt ze ginn. D‘Ausléise vun der Alarmstuf Rout implizéiert d‘Akraafttriede vum Besuchsprogramm, entspriechend de virbereete Lëschte vum Roude Kräiz. D‘Visite gi vun der COPAS geréiert.

Related topics Alarmstuf Rout, Copas, Direkter vun der Santé, Gesondheetsminister, Hëtztwell, MeteoLux, RoutKräiz
Next post Previous post