Search

You may also like

De Pierre Marson ass neien Direkter vum CNL
Neiegkeeten

De Pierre Marson ass neien Direkter vum CNL

Nodeems de Claude D. Conter zum Direkter vun der Lëtzebuerger

Wunne mat der Wooltz – En neien nohaltegen Wunnquartier fir 2.000 Residenten
Neiegkeeten

Wunne mat der Wooltz – En neien nohaltegen Wunnquartier fir 2.000 Residenten

Nodeems ee sech iwwer 20 Joer gefrot huet, wat ee

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen
Neiegkeeten

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen

Eigentlech sinn d’Aarbechts- a Rouzäiten, sou wéi d’Iwwerstonne vun der

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften an och de Konsumenteschutz (ULC) schonn eppes méi laang der Regierung virhält. Richteg ass, datt jee nodeems a wéi enger Steierklass ee sech erëmfënnt, d‘Belaaschtung bis zum dräifache vum eigentleche Betrag fälleg gëtt. Elo soll sech eppes doen a Lëtzebuerg en neutrale Steiersaz kréien.

Eng Reform déi nach virun der nächster Legislaturperiod soll a Kraaft trieden, an zu enger eenzeger Steierklass féiere soll. De Finanzminister huet dann och bestätegt, datt schonn en Aarbechtsgrupp un der Saach drun ass. Laut dem Pierre Gramegna (DP) soll et e méi gerechte System ginn, deen d‘Situatioun vun de vulnerabelste Persounen, esou wéi d‘Kanner besser berécksiichtegt.

An dësem Kontext soll et dann och zu kompensatoresche Moossnamen an Transitiounsphase kommen. Et geet hei ganz däitlech dorëms, méi Transparenz a Gerechtegkeet fir jiddereen hierzestellen. En Debat an dëser Saach, kann et um Krautmaart scho bei der Diskussioun zur Besteierung vun de Celibataire ginn. Et schéngt esouguer eppes wéi Konsensbereetschaft ze ginn.

Related topics Pierre Gramegna, Steiergerechtegkeet, Steierklass 1A, Steierklassen, Steierreform
Next post Previous post