Search

You may also like

Éisträich mécht d‘Schipisten op
Neiegkeeten WTF

Éisträich mécht d‘Schipisten op

Keng zwee Deeg virum nächste Confinement ginn haut, op Hellegowend,

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee
Neiegkeeten WTF

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober
Neiegkeeten WTF

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26

surprise

60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen

60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen

Um Dënschdeg huet d’Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) de „strategesche“ Kader fir d’Entwécklung vum Tourismussecteur virgestallt. Zil ass et, all d’Acteuren zesummenzebréngen, an zu Lëtzebuerg bis 2022 en nohaltegen a qualitativ héichwäertegen Tourismus ze gestalten. Am d’Budgetsenveloppe ass mat 60 Milliounen entspriechend konsequent.

Fir 2017, geet d’Francine Closener zouversiichtlech dovunner aus, datt ee de Kap vun 3 Milliounen Touristen iwwerschratt huet. Eng Zuel déi ënnersträicht, datt et 2013 de richtege Choix war, den Tourismus an de Wirtschaftsministère ze integréieren. De Wuesstem vum Tourismus wier dann och dem politesche Wëllen an der gudder Promotioun geschëlt.

Mam strategesche Pabeier, deen de schéinen Numm „Tourismus 2022“ dréit, der konsequenter Investitiounsbereetschaft vun der Regierung, an der allgemenger Verbesserung vum gesamte Secteur, ass een um Ministère dann och zouversiichtlech, datt déi gesaten Ziler erreecht kënne ginn. De Secteur soll also wuessen, mee zilorientéiert…

An d’Strategie berout dann och op aacht Pilieren: eng koordinéiert Zesummenaarbecht, d’Begleedung vum Tourist, qualifizéiert Mataarbechter, d’Valorisatioun vun den Atouten, d’Opwäertung vun den Infrastrukturen, d’Qualitéit an d’Nohaltegkeet, d’stäerke vum wirtschaftleche Gewiicht vum Secteur an e gudde juristesche Kader fir d’Entwécklung ze begleeden.

Op der sich nom Tourist mat grousser Kaafkraft

De strategesche Kader beleeft sech op véier Joer (2018-2022) a mat engem Budget vu ronn 60 Milliounen Euro (+30% géintiwwer de leschte fënnef Joer) mécht de Ministère däitlech, datt de Projet wichteg ass. Den Tourismus mécht 6,5% vum BIP aus, a bitt 20.000 Leit eng Aarbecht. E Wirtschaftssecteur mat Zukunft, wann d’Objektiver dann och kënnen erreecht ginn.

Bei all den Iwwerleeungen, sinn et awer Haaptsächlech d’Touriste mat „grousser Kafkraaft“, déi een op Lëtzebuerg wëll lackelen. Dat wieren déi eeler Leit, wou als „Silver Economy“ bezeechent ginn. Mee och de „Kongress-Tourismus“ soll ausgebaut an op zolidd Been gestallt ginn. Dat ass dat ee vun de Beräicher, deem déi gréisste „Plus-value“ zougerechent gëtt.

Mat de ville Partner aus dem Privatsecteur, der Reform vum ONT, de regionalen Tourismusbüroen (ORT) an enger méi grousser Presenz am Ausland, op de Foire fir Tourismus, sollt et gelénge Lëtzebuerg als héichwäerteg touristesch Destinatioun ze implementéieren. Gestëtzt duerch eng digital „Offensiv“ a ville „Workshops“ fir d’Acteuren aus dem Secteur sollten d’Ziler erreecht ginn.

Foto: „Den Tourismussecteur huet sech an de leschte Joer ganz positiv entwéckelt, dem Secteur geet besser ewéi jee. Lëtzebuerg ass fir Touristen nees attraktiv ginn, et kommen der all Joer méi eis an d’Vakanz oder verbrénge Geschäftlech ee puer Deeg am Land“, huet d’Staatssekretärin Francine Closener am Virwuert vum Strategiepabeier betount. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Francine Closener, Tourismus, Wirtschaftsministère
Next post Previous post