Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen

Haut scho gelaacht an de Serotoninspigel an d’Luucht gedriwwe? Ma

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog
Neiegkeeten

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog

An der indesch Haaptstad Nei Delhi huet een elo den

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir
Neiegkeeten

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen

Lëtzebuerg verdréchent

D‘Waasserwirtschaftsamt an de Landwirtschaftsministère fänken un zolidd Kappzerbrieches ze hunn, well mir einfach net méi genuch Néierschlag hunn

Lëtzebuerg verdréchent

Schonn 2019 huet et net genuch Néierschlag (Reen) ginn, an och iwwert de Wanter konnten sech d‘Reserve vum Grondwaasser net wéi erhofft erhuelen. A well et där schlechter Nouvellen einfach net genuch gëtt, huet d‘ASTA, d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft, am Juni missen drop hiweisen, datt d‘Fréijoer 2020 ze waarm an ze dréche war.

Fir de Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, fänkt dës Situatioun un zolitten Ierger mat sech ze bréngen. D‘Lag wëll sech net verbesseren, de Grondwaasserspigel ass entschidden ze déif a mat dëser prekärer Situatioun geroden elo och eis Landwirt an d‘Bredouille. D‘Spriecherin vum Landwirtschaftsministère, Cathy Giorgetti, erkläert: „D‘Bauere sinn immens beonrouegt, hei dann och virun allen d‘Véiziichter. D‘Dréchent kombinéiert mat den héijen Temperaturen, beanträchtegt d‘Fuddermëttelproduktioun an gëtt net wierklech eppes wat een dergéint kann ënnerhuelen“.

Esou kann een, jo muss ee feststellen, datt och wann et wuel nach eppes fréi ass fir ze bemoosse wat de Karschnatz schlussendlech brénge wäert, et 2020 keng gutt Rekolte ka ginn. De Mais huet dëst Wieder guer net gären an och déi aner Fudderplanzen hunn zolidd mam Waassermangel ze kämpfen – op de Wisen a Weede wiisst kaum nach Gras. Datt eis Landwirtschaft duerch dës leider net nei Situatioun bedreet ass, sollt eis dann awer vläicht ze denke ginn, wéi mam Waasser ëmzegoen ass.

Lëtzebuerg

Och an den Ardenne fëllen sech d‘Grondwaasserspäicher net méi wéi gewinnt op, an dat fänkt elo och un een zimmlech beonrouegend Ausmooss ze huelen © Jonas Denil / unsplash

Zwar heescht et säitens dem Waasserwirtschaftsamt, datt déi géigewäerteg Situatioun esou eppes wéi eng Ausnam ass, mee de Klimawandel léisst sech och politesch net méi verleegnen. Am Juli huet et – esou déi offiziell vum Findel virgeluechten Daten – ganzer 8,3 Millimeter Néierschlag gi wat en Defizit vun 88% am zum Duerchschnëtt (bemooss op de Juli vun 1981 bis 2010) bedeit. An d‘Meteorologen um Findel, déi och iwwert d‘Daten no 2010 verfügen, verwisen op eng negativ Tendenz vum Néierschlag an e beonrouegenden Zouwuess un Extremereegnesser beim Wieder.

D‘Lëtzebuerger Bierger, mee och d‘Industrie an d‘Entreprisen am Land si gutt beroden, mat dëser wichteger Ressource net nëmme spuersam ëmzegoen, mee virun allem drop uecht ze doen, se net weider duerch Verschmotzung ze belaaschten. Hei stellt sech da folgerichteg och d‘Fro, op een an der Regierung nach esouvill Wäitsiicht entwéckelt, an et ausser dem Landwirtschaftsministère an dem Ëmweltministère, Iwwerleeunge gëtt wéi een sech industriell esou opstelle kann, datt eis ganz wichteg Ressource deenen zerguttst kënnt déi se brauchen. Stéchwuert Fage (Jughurt) a Google.

Illustratioun: © Jasper Wade / unsplash

Related topics ASTA, Dréchent, Grondwaasserspäicher, Klimawandel, Landwirtschaftsministère, Waasser, Waasserwirtschaftsamt
Next post Previous post