Search

You may also like

money
Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll

Nodeems de Pierre Gramegna ee Méindeg an der Finanzkommissioun déi

Wäissrusseschen Diktator gräift a Fluchverkéier an
Neiegkeeten

Wäissrusseschen Diktator gräift a Fluchverkéier an

Op Uweisung vum Alexander Lukaschenko ass ee Fliger vun der

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot
Neiegkeeten

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot

Déi Lëtzebuerger Wieler sinn opgeruff e Sonndeg an d‘Wahlkabinnen ze

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Eng Eurostat-Etüd wërft Froen op

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech d’Wunnengen an den eenzele Memberlänner befannen. Tëscht 2015 an 2016 soll et do zu enger rapider Verschlechterung komm sinn. Fiichtegkeet a Schimmel solle, grad esou wéi ondicht Diech, vu 15,3% op 18,7% geklomme sinn. Wéi kann een sech dëse rapide Wuesstem erklären?

Dës Fro huet sech och den adr-Deputéierten Gast Gibéryen gestallt a sech an enger parlamentarescher Fro un den Minister vum Logement, de Marc Hansen (DP), adresséiert. De Minister gëtt zou, datt d’Entwécklung op den éischte Bléck iwwerrascht. An awer ginn et zwee Punkten, dank deene kloer soll sinn, datt d’Statistik nëmme mat Virsiicht ze genéissen ass.

Och an anere Memberlänner ass et zu staarke Fluktuatiounen an den Zuele komm

Éischtens géingen des Donnéeën op enger Ëmfro baséieren. Dobäi wier dann och kloer, datt et sech ëm reng subjektiv Andréck géing handelen, a keng Experten befrot gi sinn, déi e méi objektiivt Bild zeechne kéinten. Et géing dann dobäi kommen, datt nëmmen ongeféiert 3.800 Stéit am Land esou erfaasst gi sinn. “Och an aneren europäesche Länner gi mat Momenter staark Fluktuatioune bei deem Indikator festgestallt”, liest ee weider an der Äntwert.

Den zweete Grond, firwat se sech am Ministère schwéier dinn mat dëser Ëmfro: D’Froen hunn zënter 2015 geännert. Gouf bis 2015 an enger Fro (Jo/Nee-Äntwert) nogekuckt, op een en Daach hätt, wou et era reent, Fiichtegkeet oder Schimmel ze fannen wier, huet sech dat 2016 geännert. Do goufen dës Faktoren an dräi separate Froen ermëttelt. An den An vum Minister géing dat dozou féieren, datt ee mi liicht mat “Jo” géing op eng vun dëse Froe géing äntweren. Och d’Wuertwiel vun de Froe kéint d’Resultat beaflossen.

Et wier mol net esou, wéi wann Eurostat dëst verstoppe géing. Um Site vun Eurostat gëtt explizit doropper higewisen. Just an der Infografik selwer géif den Hiweis doropper feelen. Deementspriechend kéint ee vun der Eurostat-Publikatioun aus net op eng Verschlechterung schléissen.

Related topics Gast Gibéryen, Lëtzebuerg, Logemeng, Marc Hansen
Next post Previous post