Search

You may also like

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?
Neiegkeeten

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Zënter 2001 setzt d’ALEPS (Associatioun Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
Neiegkeeten

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger

money
No Koalitiounssommet: Italien weist Geld vum ESM zréck
Neiegkeeten

No Koalitiounssommet: Italien weist Geld vum ESM zréck

Italien, dat Land dat sech mat anere fir d‘Opsetze vun

2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert

Et solle méi Statioune méi oft ugefuer ginn

2019 gëtt d’Zuchverbindung mat Däitschland verbessert

Dat wäert net nëmmen d’Grenzgänger freeën: Am Dezember 2019 soll et gréisser Ännerungen op der Streck Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier ginn. D’Zuel vun den Zich op dëser Linn soll sech deen Ament verduebelen. Dëst gëtt de Ministère vun der Nohalteger Entwécklung an der Infrastruktur an engem Communiqué bekannt.

Dës Ännerungen resultéieren aus der Tatsaach, datt DB Regio AG ab Dezember 2019 eng nei Linn op Lëtzebuerg wäert bedreiwen. All Statiounen tëscht Trier-Ehrang a Wittlich kréien eng stënterlech Verbindung op Lëtzebuerg. An deem Kontext mécht och den Ausbau vum KISS-Fuerpark vu Stadler Sënn, well déi Gefierer fir d’Bedreiwe vun der Streck néideg sinn.

D’Waasserbëlleger Stréck stoung zënter den Ännerunge vum Dezember 2017 ëmmer nees am Zentrum vun Opreegung

“Duerch d’Reaktivéierung vun der Weststreck vun Dezember 2019 un gëtt d’Offer op der Schinn fir d’Grenzpendler op der Waasserbëlleger Streck wiesentlech mi attraktiv”, erkläert den zoustännege Minister François Bausch (déi gréng).

De Minister bestätegt dann och, datt dank den neie Stadler-Zich deen Ament all Gare op der Linn Waasserbëlleg – Lëtzebuerg eemol d’Stonn erëm ugefuer soll ginn. Zënter dem Fuerplang vum Dezember 2017 goufe verschidde Gare manner oft ugefuer, wat fir vill Kritik gesuergt hat. Dëser schéngt op mannst ab 2019 entspriechen Rechnung gedroen ze ginn.

Related topics Ëffentlechen Transport, François Bausch, Lëtzebuerg, Tréier, Waasserbëlleg, Zuch
Next post Previous post