Search

You may also like

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch
Neiegkeeten

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

E puer Deeg virum Joresdag vum Militärputsch a Brasilien, huet

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington
Neiegkeeten

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass dës Woch op Washington

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher
Neiegkeeten

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher

An dëser aachter Edition vum Album „Dat ass Lëtzebuerg!“ éiert

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich fueren. An enger zweeter Phas soll dëst och vun Dummeldeng aus geschéien. Dëst si Präzisiounen, déi de Minister fir Infrastruktur an Nohaltegkeet, de François Bausch (déi gréng), an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Gast Gibéryen (adr) ginn huet. Dëst soll bis Enn 2019 de Fall sinn.

Mee et gëtt nach weider Präzisiounen: Zum Beispill dozou, wéi dat ganzt finanziell gehandhaabt gëtt. Et ass nawell zimlech einfach gereegelt, esou datt Däitschland a Lëtzebuerg d’Käschte fir den jeeweilege Streckenofschnett couvréieren. “D’CFL ginn also vun der däitscher Säit bezuelt, fir d’Gefierer der DB Regio zäitweis zur Verfügung ze stellen”, esou de Minister an der Äntwert.

Déi 5 Automotricen ginn dobäi an de Fuerpark integréiert a kënnen am ganze Land genotzt ginn. De Betrib op eiser Säit kascht am Joer ongeféier 6,5 Milliounen Euro. Vue datt d’Käschte gedeelt ginn, ass et net esou, datt ee mat sengem nomralen Abo bis op Tréier kënnt, mee wéi bis elo och, en zousätzlechen Ticket dofir muss kaaft ginn.

 

 

Related topics Däitschland, Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Tréier
Next post Previous post