Search

You may also like

Parlamentaresche Bilan vun déi Lénk: Eng reell Oppositioun
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan vun déi Lénk: Eng reell Oppositioun

Während d‘Koalitiounsregierung no de Stäre gräift, hunn sech déi lénk

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)
Neiegkeeten

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)

Wann een dem amerikanesche Krichspresident gleewe kann, dat hätt de

Lëtzebuerg erhält den Energy Globe Award
Neiegkeeten

Lëtzebuerg erhält den Energy Globe Award

Fir dat éischt ëffentlecht „Plus-Energie“ Gebai huet de Ministère fir

Lëtzebuerg zitt seng Zaldoten aus dem Afghanistan of

Lëtzebuerg zitt seng Zaldoten aus dem Afghanistan of

Nodeems den US-President Joe Biden Mëtt Abrëll bestätegt huet, datt den internationalen Asaz am Afghanistan beendegt gëtt, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ee puer Froen un den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) geriicht.

A senger parlamentarescher Fro (4093) wollt den Deputéierten, nieft dem Datum wéini eis Jongen dann elo zeréckkommen, och nach wëssen op eisen Alliéierten op dës Decisioun virbereet goufen, a wat dann elo dëse vun den Amerikaner iwwert zwanzeg Joer gefouerte Krich, als Bilan Opweises huet? A wéi gedenkt ee mat deenen Afghanen ëmzesprangen, déi ganz oppe kollaboréiert hunn?

De Fernand Kartheiser wollt dann och nach eng Stellungnam zu Aschätzung, wéi sech d‘Situatioun am Afghanistan wäert entwéckelen, wann déi auslännesch Truppen d‘Land bis verlooss hunn. Op de Minister eventuell vun engem neie Biergerkrich ausgeet? Dovunner ofgesinn, wier et och gutt ze wëssen, op déi Lëtzebuerger Arméi och weiderhin déi afghanesch Arméi wäert ënnerstëtzen.

A senger Äntwert huet de Jean Asselborn bestätegt, datt et am Virfeld zur Decisioun aus Amerika, reegelméisseg Consultatioune mat de militäresche Partner ginn huet, déi sech am Afghanistan engagéiert hunn. De Rapatriement vun de Lëtzebuerger soll Enn Mee iwwer d‘Bühn goen. Säit 2001 huet Lëtzebuerg den Afghanen ronn 51,9 Milliounen Euro fir militäresch Ausgabe ginn.

Dat ass och zimmlech de selwechte Betrag, dee Lëtzebuerg fir Entwécklungshëllef (52 Milliounen) un d‘Afghanen iwwerwisen huet. Wat de Schutz vun de „lokale Mataarbechter“ betrëfft, esou war am Virfeld vun der Decisioun net genuch Zäit sech doriwwer Gedanken ze maachen. Et géif sech awer schonn driwwer ënnerhalen, wéi ee sech am beschte virun de Verantwortung drécke kann.

Wat de Bilan betrëfft, esou ass eisen Ausseminister richteg frou, datt dat Lëtzebuerger Engagement am Afghanistan derzou bäigedroen huet, grouss gesellschaftlech Fortschrëtter am Land ze festegen. „Dat besonnesch wat d’Rechter vun de Fraen, vun de Kanner, a vun de Minoritéiten ugeet“ esou den Text. Lëtzebuerg well sech och asetzen, datt d‘Acquise vun de leschten 20 Joer erhale bleiwen.

Illustratioun: Ob d‘Taliban och esou eng zouversiichtlech Astellung zum Truppenofzuch hunn, an hinnen d‘Rechtsstaatlechkeet, d‘Rechter vun de Fraen a Kanner, wéi och Demokratie esou um Häerze läit wéi dat bei eisem Ausseminister de Fall ass? Éischter net, an d‘Russe kënnen ee Lidd dovunner sangen… © Chandler Cruttenden / unsplash

Related topics Afghanistan, Demokratie, Kollaborateuren, Lëtzebuerger Arméi, Taliban, Truppenofzuch
Next post Previous post