Search

You may also like

Coronavirus: Eis franséisch Nopere verzeechnen eng nei Spëtzt
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Eis franséisch Nopere verzeechnen eng nei Spëtzt

Um Dënschdeg 25. August huet d‘Gesondheetsdirektioun (DGS) matgedeelt, datt den

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
Kultur Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

Spärung um Echangeur Helfenterbréck
Kultur Neiegkeeten

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!

Et ass déi 13. Editioun vum Lëtzebuerger Adventszirkus, an d‘Artisten erhoffen sech vum 29. November bis zum 31. Dezember och nees esouvill Zuschauer wéi bei de virechten Editiounen. Hire Programm ass villfälteg. Et gëtt an dësem „moderne Spektakel“ vill Akrobatik an Humor gewisen, mee och dem traditionellen Zirkus eng Hommage gebueden.

An dësem Zirkus gëtt et keng Déieren dofir en iwwerzeegend zäitgenëssesche Programm mat villen international renomméierten Artisten. Garantéiert ass de Spaass fir Jonk an Al, Grouss a Kleng… A well den Zirkus matten um Glacis steet (also bal) ass et esouwuel mam ëffentlechen Transport wéi mam individuelle Gefier, zimlech einfach a bequem de Adventszirkus ze erreechen.

D‘Keess ass ab e Freideg an dann all Dag vun 11 bis 18 Auer op. Et kann een awer seng Billjeeën och ganz relax vum Büro oder der Couch aus reservéieren. Dat geet via www.luxembourg-ticket.lu. Fir méi iwwert de Programm gewuer ze ginn a soss Informatiounen zum Zirkus gewuer ze kréien: www.luxemburger-adventscircus.com

Foto: Jacqueline Macou / Pixabay

Related topics Adventszirkus, Akrobaten, Clownen, Glacis, Lampertsbierg, Zirkus
Next post Previous post