Search

You may also like

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert
Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert

Den OGBL als „Porte-Parole“, den LCGB an d‘Direktioun vun Hifi

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“
Neiegkeeten

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Wat sech den Ament an der politescher Zeen zu Berlin

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nodeems sech an den éischte 6 Méint vun dësem Joer

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen

Wann et dem Jean Asselborn géint de Stréch geet, kann hien zuweilen ongehale ginn

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen

Fir den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP), deen sech via Livestream zu Wuert gemellt huet, ass d‘Schléissung vun de Grenzen am Schengenraum eng Ignonimie. Ob et allerdéngs Ziilféierend ass eis sécherlech aussergewéinlech Sitautioun därer, déi d‘Zivilbevëlkerung an der syrescher Provënz Idlib géinteniwwer ze stellen? Wahrscheinlech net, hir Problemer si ganz anerer, d‘Moyenen eppes dergéint ze maachen och. Mee et goung och ëm d‘Videokonferenz mat ebe sengen Homologen.

Et ass sech iwwert d‘Lag a Syrien, Libyen an dem Mali ausgetosch ginn an, wéi all Kéiers huet ee festgestallt datt „Drénglechkeet“ besteet an déi europäesch Unioun um humanitäre Plang eng grouss Roll ze spillen hätt. Fir den Ament awer, ass déi europäesch Politik hisichtlech Afrika éischter drop konzentréiert, sengen Industrien ënnert d‘Äerm ze gräifen, fir sech d‘Ressource vum Kontinent ze assuréieren. Woubäi wann de Covid19 zouschléit, gëtt och d‘Ausbeutung „biologesch“ begrenzt.

An dat ass och eigentlech alles, wat et zur „internationaler“ Aktualitéit ze soe gëtt. Och dem Jean Asselborn seng europäesch Kolleegen hunn den Ament ganz aner Suergen, wéi Kanner déi am Jemen erhéngeren, Zivilisten déi an der Provënz Idlib ofwiesselend vu russeschen an dann nees vun tierkesche Bommen a Kugele getraff ginn, oder Afrikaner déi ëmmer nëmme wëlle gehollef kréien. Nee och si hu sech mam Kärthema, der Coronaviruskris an den Ausgangsspäre beschäftegt.

Et war wuel nees flott ze héieren, datt den Ausseminister och no 15 Joer am Amt nach ëmmer déi eenzel Vetragspunkte vum „Schengenraum“ erkläre kann. A jo hien ass ee vun de grousse Verfechter vun de Fräiheeten, déi eben de Schengenraum 15 EU-Länner zougestanen huet. Déi sinn elo a Fro gestallt, stellt de Stengeforter dréche fest a bemierkt, datt eist Land ouni seng méi wéi 200.000 Grenzgänger net wierklech Liewensfäeg ass. An dat an alle Beräicher vun der Ekonomie.

Woubäi hien ënnerstrach huet, datt eleng am Gesondheetssecteur 50.000 däitsch Grenzgänger beschäftegt sinn. Et dierfte vill méi frankophon Grenzgänger sinn, déi och an dësem Secteur schaffen, mee gutt, säi Problem war hei de Fait, datt eis däitsch Noperen net wéi soss „iwwert eis Grenz“ komm sinn, mee dës zou gemaach hunn. Also och net wierklech iwwerall, an awer huet et am „Norden“ zu gewësse Komplikatioune gefouert. Dat wier dann elo awer nees alles gekläert.

Dat d‘Grenze fir de fräie Wuereverkéier mussen opbleiwen, misst sech net mussen ausdiskutéiert ginn. Datt EU-Bierger net bannent der Unioun kënnen agespaart ginn eigentlech och net. Wat elo déi ronn 300 Lëtzebuerger betrëfft déi sech nach am Ausland ophalen, esou huet de Jean Asselborn wësse gelooss, datt do Demanden erakomm sinn fir rapatriéiert ze ginn. A ville Fäll wiere Léisunge fonnt ginn, anerer bréichten nach eppes Gedold. D‘Luxair jiddefalls bleift operationell.

An dat net eleng fir de Grappvoll Lëtzebuerger heem ze bréngen, mee och all aneren EU-Bierger, dee wéinst dem Zesummebroch vum Loftverkéier gestrandet ass. Et géif een net maachen, wéi dat „anerer“ fir sech entscheet hunn, an hir Flich just fir déi eege Bierger organiséieren. „Wien esou agéiert, deen huet Europa net verstanen“ seet den Ausseminister an huet absolut Recht. Europa ass nu emol keng Solidargemeinschaft, d‘EU gëtt vu Wirtschaftsintressen zesummegehalen…

Illustratioun:© Lukas / unsplash

Related topics Coronavirus, EU-Ausseministerrot, Grenzschléissung, Jean Asselborn, Solidaritéit
Next post Previous post