Search

You may also like

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Kultur Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

surprise
Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?
Kultur Neiegkeeten

Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?

Et ass eng Diskussioun, déi ëmmer erëm opkënnt: Soll Lëtzebuerg

What the Fakt – déi éischt Klon-Katz gëtt gebuer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – déi éischt Klon-Katz gëtt gebuer

Dat séisst wäiss-grot Pelzknäuel mam Numm Copy Cat gesäit net

Un d’Frënn an d’Auteure vum Lëtzebuerger Autorenlexikon

Un d’Frënn an d’Auteure vum Lëtzebuerger Autorenlexikon

Den Hierscht ass ukomm, d’Blieder verfierwen sech an de Beem, ma och de Lëtzebuerger Autorenlexikon gëtt méi bont. No dräizéng Joer, dovunner néng mat Onlinepräsenz, weist de Lexikon säin neit Gesiicht. En huet sech nawell nonee gemaach.

Dat zweesproochegt Noschlowierk dat vum Centre national de littérature/Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) zu Miersch erausgi gëtt, stellt d’Liewen an d’Wierker vu Schrëftsteller vir, déi säit 1815 op mannst ee literarescht Buch am lëtzebuergesche Literaturfeld verëffentlecht hunn.

Virgestallt gi souwuel Lëtzebuerger , mee och auslännesch Kollegen, déi an onsem Land wunnen an aktiv um Literaturbetrib deelhuelen. Referenzwierk a Buchform besteet säit 2007, d’Homepage besteet säit 2011. De Contenu gëtt andauernd vun engem Redaktiounsteam vun ongeféier 10 Mataarbechter vum CNL ergänzt an aktualiséiert.

Ergonomie an Design vun der Internetsäit goufen an Zesummenaarbecht mam Creative Studio Cropman iwwerschafft. Heibäi goufe suergfälteg Bedarfsanalyse vum Notzerverhalen an Erkenntnisser zu Schwaachstellen, déi d’Fuerschungsteam am Laf vun der Zäit identifizéiert hat, berécksiichtegt.

Et fält elo op, datt méi Faarf an d’Spill kënnt an d’Autorenfotoen esou besser zur Geltung kommen. Ma och den Inhalt gouf kosmetesch mat neien Accessoirë geschméckt, och grondleeënd Funktiounsweise goufen verbessert. Bei der techneschen Ëmsetzung vun den Neierunge konnten si op de laangjärege Partner, de Web Developer Magic Moving Pixel zeréckgräifen.

Op wat kënnt Dir Iech elo freeën?

• en optiméierten Zougang ze villfältegen, kontrolléieren an ze ergänzen a lafend Informatioune ronderëm déi Lëtzebuerg Literatur dobäi ze setzen;
• verbessert a vereinfacht Sichfunktiounen;
• eng kloer Duerstellung vu komplexem Zesummenhäng, zum Beispill an der Sekundärliteratur.

Dës uspriechend Forme kënnt Dir beim CNL fannen:

• 1.438 Auteurinnen an Auteuren;
• 7.000 Wierker, geschriwwen oder iwwersat an 42 Speachen;
• 8.075 Titel Sekundärliteratur.

Ofschléisse wëllt de CNL mat erstaunleche Statistiken zu den anonymiséiert User vun eiser Websäit, déi weisen, wat fir eng wichteg Roll d’Autorenlexiko, bei der Vermëttlung vun der Literaturgeschicht spillt an a wéinegem Mooss den Interessi un der Lëtzebuerger Literatur geklommen ass.

2012:

  • 31.840 Eenzelbesicher,
  • 86.854 Besich, jidderee kënnt am Schnatt 2 72 mol zeréck
  • 722.352 Säiten (8,31 Säite pro Besuch)

2019:

  • 69.340 Eenzelbesicher [also eng Verdueblung géigeniwwer 2012]
  • 180.174 Besicher, jidderee kënnt 2,59 mol zeréck
  • 596.480 Säiten (3,31 Säite pro Besuch)

Och 2020 verzeechent de CNL am Schnatt tëscht 5.000 an 8.000 Besicher/de Mount.

Zesumme mat sengem Lieser a Lieserinnen, konnt de Lëtzebuerger Autorenlexikon am Laf vun de Jore wuessen. Entdeckt och Neies a verdéift Iech an der neier Websäit.

Related topics Contenu, Creative Studio Cropman, Design, Homepage, Informatiounen, Lëtzebuerger Autorenlexikon, Literatur, Moderniséierung
Next post Previous post