Search

You may also like

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)
Neiegkeeten

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…
Neiegkeeten

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well

De Lëtzebuerger ass immens besuergt ëm de Klima

Steierberoder ATOZ huet eng Etüd bestallt a mécht eng interessant Feststellung

De Lëtzebuerger ass immens besuergt ëm de Klima

ATOZ, ee vu ville Spezialiste vun der „Steieroptimiséierung“, dee sech zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, léisst regelméisseg Maartanalysen a politesch Sondagen duerchféieren. Esou och dëse Summer vum 23. Juli bis de 6. August. Den Optrag fir d‘Ëmfro ass un d‘Entreprise QUEST gaangen, déi hire Sondage via Internet gemaach huet, an hei insgesamt 600 Persoune befrot huet.

De ganze Rapport léisst sech verhältnesméisseg séier resuméieren: „Et muss een d‘Leit wakereg rëselen, datt se verstinn, datt et 5 vir 12 ass“, esou déi kloer Ausso, déi an den Text vun der ganzer Analys aféiert. Déi Lëtzebuerger Bevëlkerung, oder zumindest dat wat dovunner an der Vakanz Loscht op Ëmfroen huet, wier immens besuergt, wat de Klimawandel betrëfft.

75% vun de Befrote géifen dann och staark an intrusiv Moossname fuerderen. 41% géifen dann och verlaangen, datt Gefierer mat héijem Verbrauch – an dat dierft besonnesch d‘Cliente vun ATOZ erfreeën – vill méi héich besteiert misste ginn. 42% fuerderen eng Karbonsteier um Fligerbilljee a genee esou vill sinn der Usiicht, datt et net méiglech ass, d‘Gewunnechte vun der Gesellschaft ze änneren.

Wat dovunner ze halen ass

Et gëtt nach eng Abberzuel u weideren Zuelen, mee déi sinn am Link nozeliesen, firwat et op dëser Plaz besser ass sech mat der Analys u sech ze beschäftegen. Zum enge bleift et problematesch ee Sondage als kredibel, respektiv „representativ“ ze verkafen, wa grad emol 600 Persoune befrot gi sinn. Dovunner waren 300 Leit Fraen an 300 ware Männer. Och bei den Altersklassen huet et eng perfekt „Paritéit“ ginn: 18/34 Joer = 30% – 35/54 Joer = 38% – +55 Joer = 33%.

Zum aneren ass d‘Ausso „De Lëtzebuerger ass besuergt“ wann den Undeel vun de Lëtzebuerger bei 315 an dee vun den Auslänner bei 285 geleeën ass. Trotz allem dierf een de Sondage als eng Aart Momentopnam betruechten. Sécher, 600 Persoune kann een als Representativ bezeechnen, ass et awer bei engem Verhältnis 1 : 6.000 definitiv net. Och de Fait, datt d‘Ëmfro via Internet gemaach ginn ass, schléisst grouss Deeler vun der Bevëlkerung automatesch aus.

Ob et der Steierberoder-Entreprise ATOZ iwwerhaapt ëm de Klimawandel geet? Wann iwwerhaapt dann éischter an zweeter Linn, well de Rapport ass éischter hire Cliente virbehalen. Déi sollen sech unhand engem méigleche Mentalitéitswiessel drop astelle kënnen, wou sech nei Steiere bilden a wéi se sech virun dëser finanzieller Belaaschtung schütze kënnen. Am beschten natierlech mat ATOZ, déi och weiderhi garantéiere wëllen, datt hir Clienten am beschten dervu kommen.

Aus hire Conclusiounen

Laut QUEST / ATOZ wier de Lëtzebuerger also gewëllt, sech och finanziell anzebrénge fir dem Klimawandel ze begéinen. Dee géif sech och bereet erkläre säi Liewen esou ëmzestellen, datt hien dat méiglechst karbonneutral gestalte kann. Dat beispillsweis, andeems hie beim Auto vun engem Verbrennungsmotor op en elektreschen ëmsteigt. Béid Entreprise gesinn doranner de Wonsch vun der Bevëlkerung, sech fir d‘Natur an d‘Ëmwelt verstäerkt anzesetzen.

Si sinn dann och nach der Usiicht, datt all d‘Leader zu Lëtzebuerg (déi wirtschaftlech wéi politesch) sech dësem Challenge unhuele mussen. Zudeem sinn d‘Steierberoder der Meenung, datt Räichtum verflicht, a mam gudde Beispill virgoen – an zwar als Natioun – sech net nëmme gutt verkafe léisst, mee aner Länner mat ähnleche Wirtschaftsverhältnisser ermontere kann sech unzeschléissen.

Related topics ATOZ, Klimwandel, QUEST, Sondage, Steieren
Next post Previous post