Search

You may also like

Nei am Verlag Binsfeld: Holland träumen
Kultur Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Holland träumen

„Kannst nicht / Was geschrieben steet / Schreiben erneut“, heescht

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee
Kultur Neiegkeeten

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt

Den Ettelbrécker Impfzenter mécht seng Dieren op (Billergalerie)
Kultur Neiegkeeten

Den Ettelbrécker Impfzenter mécht seng Dieren op (Billergalerie)

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie huet haut den Impfzentrum

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2019 ass och bei dëser Editioun nees de beléifte Lëtzebuerger Buchpräis organiséiert ginn. Zënter 13 Joer wielt eng Jury ënnert allen agereechten Titelen a verschiddene Kategorien ee Favorit eraus. Déi feierlech Zeremonie, bei där d’Gewënner ausgezeechent gi sinn, huet gëschter am Festzelt stattfonnt.

Beim Lëtzebuerger Buchpräis huet ee Jury, deen an dësem Joer aus dem Claude Kremer (CNL), dem Claire Leydenbach (Auteurin), dem Jacques Welter (Grafiker), dem Michel Delage (Journalist), sou wéi dem Angelika Bräutigam (Mierscher Lieshaus) bestanen huet, déi grouss Aufgab gehat d’Wierker ze bewäerten a jeeweils ee Gewënner ze wielen, woubäi natierlech ee weidere Präis als Coup de Coeur erausgaangen ass. Donieft duerft och de Publikum mat engem ëffentleche Voting ee Prix du Public verginn.

5 Mol Hip Hip Hurra!

Am Ganze sinn bei dëser 13. Editioun vum Lëtzebuerger Buchpräis 56 Titelen agereecht ginn, aus deenen eng Shortlist vu 15 Nominéierten an 3 Kategorien entstanen ass. Hei d’Gewënner:

  • Kategorie Literatur
    Les Bulles
    vum Tom Reisen
    Hydre Éditions

Lëtzebuerger Buchpräis

  • Kategorie Sachbuch
    Mit den Haien streiten.
    Frauen un d’ Gender in Luxemburg seit 1940
    Femmes et genre au Luxembourg depuis 1940
    vum Germaine Goetzinger, Sonja Kmec, Danielle Roster a Renée Wagener (Hg.)
    capybarabooks

Lëtzebuerger Buchpräis

  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch
    So mol, Lobo!
    Vum Christiane Kremer a Vincent Biwer
    Kremart Edition

Lëtzebuerger Buchpräis

  • Coup de Coeur vum Jury
    Zweemol schwaarze Kueder
    vum Gast Groeber
    Op der Lay

Lëtzebuerger Buchpräis

  • Publikumspräis
    Dizzy on the road. Ralph Diseviscout beim „Race Across America“
    vum Rom Helbach a Gaston Zangerlé
    Éditions Revue

Lëtzebuerger Buchpräis

25. Joer musse gefeiert ginn!

Um kommende Weekend, de 16. a 17. November steet eent vun de bedeitendste literareschen Evenementer fir Lëtzebuerg un: Mat de Walfer Bicherdeeg 2019 gëtt net nëmme Kleng a Grouss op een immenst Erliefnis ronderëm d’Buch invitéiert, mee och nach op de 25. Gebuertsdag vum Fest, deen duerch de räichhaltege Programm gefeiert gëtt.

An dësem Joer sinn 51 Editeuren, 42 Verlager, 31 Institutiounen a Vereenegungen, 6 Buchhandlungen, 106 Verkeefer a 953 Meter lafenden Dësch een Highlight vum Weekend. Divers Workshops, Liesunge, Konferenzen a speziell Aktivitéite fir all Alterskategorie wäerten d’Walfer Bicherdeeg zu engem onvergiesslechen Evenement maachen.

All Informatiounen an de ganze Programm fannt Dir ënnert www.bicherdeeg.lu.

Related topics 2019, Christiane Kremer a Vincent Biwer, Danielle Roster a Renée Wagener, Dizzy on the road. Ralph Diseviscout beim „Race Across America“, Gast Groeber, Germaine Goetzinger, Les Bulles, Lëtzebuerger Buchpräis, Lobo!, Mit den Haien streiten., Rom Helbach a Gaston Zangerlé, So mol, Sonja Kmec, Tom Reisen, Walfer Bicherdeeg, Zweemol schwaarze Kueder
Next post Previous post