Search

You may also like

Frankräich virun der politescher a sozialer Rentrée
Neiegkeeten

Frankräich virun der politescher a sozialer Rentrée

De François Hollande huet, fir d‘éischt zanter hien den Elysée

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet
Neiegkeeten

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet

Et ass Fréijoer an d‘Natur erwächt zu neie Liewen… just

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur

De Sonndeg 30. Juni ass zu Esch Uelzecht am Ellergronn

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress

Lëtzebuerger Covid19-Teststatiounen am Stress

Zanter enger Woch ass d‘Opreegung an de sozialen Netzwierker grouss, well engersäits d‘Santé vun der leit géif erwaarden sech dach wann ech gelift op de Covid19 testen ze loossen, an et anersäits guer net esou einfach dësen ze maachen. Richteg ass dann och, datt d‘Laboratoire op Uschlag sinn an d‘Kapassitéiten net onendlech erweidert kënne ginn.

Op zu Esch virum Spidol (d‘Tageblatt hat dozou ee risegen Artikel) oder allen anere Plazen, fir den Test maachen ze kënne brauch et zolidd Gedold an ee voll geluedenen Akku. Bis zu zwou Stonnen „Attente“ sinn éischter den Normalzoustand, wei dann d‘Ausnam. Dat dreift dann och emol déi eng oder Persoun op déi oft zitéiert Palm. A jo et fänkt elo och nach u kal dobaussen ze ginn…

Et sollt awer elo kee mengen, datt der Gesondheetsdirektioun dëse Mëssel entgaange wier, an/oder et der Gesondheetsministesch egal wier. Nee hei stinn d‘Leit och ënner Drock an et gëtt bestänneg no Léisunge gesicht. D‘Ministesch Paulette Lenert hat jo schonn ee Samschdeg no der Sëtzung vum Regierungsrot ugekënnegt, datt d‘Arméi beim Tracing wäert eng Hand mat upaken.

Och bei den Tester gëtt „erweidert“ wou et méiglech. Esou ass zanter de Moien eng weider Statioun an der fréierer Annex vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg operationell. Natierlech wëssen déi politesch verantwortlech Acteuren, datt d‘Leit net vu Muttwëll oder Dommheet sech op enger Teststatioun presentéieren, mee sollt ee genuch Wäitsiicht hunn dat Ganzt ze gesinn.

Et dierft aliichten, datt ee kaum als sënnvoll ze betruechten ass, d‘Teststatioun-Kapassitéiten iwwert d‘Laboratoire-Kapassitéiten ze erhéijen. An déi, wéi gesot sinn elo um Limitt. Natierlech dierf ee fuerderen, datt d‘Laboratoire ronderëm d‘Auer schaffen a sech personell verstäerken. Et ass awer mat de Laborante wéi mat den Infirmièren an Aide-Soignanten, et si keng méi do.

An dësem Kontext muss nach emol op de Motto de vun der Campagne – vun där eis d‘Regierung ausgeschloss huet – higewise ginn: „Mir sinn all Deel vun der Léisung“. Et ass eng sanitär Kris, a Krise brénge bekanntlech och hiert Louss u Problemer mat sech. Wann et einfach wier, géif et jo keng Kris, a wann een et mat eppes Versteesdemech ugeet, ass et eigentlech ee Klacks.

Illustratioun: © Benedikt Geyer / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Tester, Kapassitéiten, Laboratoire, Teststatiounen
Next post Previous post