Search

You may also like

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg
Neiegkeeten Sport

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!
Neiegkeeten Sport

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle

Sozialplang bei SES: Gewerkschaften op Krichsfouss
Neiegkeeten Sport

Sozialplang bei SES: Gewerkschaften op Krichsfouss

Nodeems d‘SES zu Betzder Enn Mee Restrukturatiounen an ee Sozialplang

Lëtzebuerger Cyclistin ugestouss

Lëtzebuerger Cyclistin ugestouss

Wéi d‘Police an hirem Bericht vu gëschter matgedeelt huet, ass et an der Mëttegstonn ee Mëttwoch zu engem folgeschwéieren Accident komm. Op der Kräizung Rëmelenger an Nësserte-Strooss zu Esch-Uelzecht (Quartier Neiduerf) ass eng Cyclistin vun engem Automobilist ugestouss ginn. Laut den Autoritéiten, huet sech d‘Damm heibäi ganz schwéier Blessuren zougezunn.

De Rettungsdéngscht war séier op der Plaz, konnt d‘Noutversuergung professionell iwwerhuelen an d‘Affer zügeg an d‘Spidol iwwerstellen. Op der Plaz waren de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police, wéi och Beamte vun der Judiciaire. D‘Plaz vum Accident war fir d‘Ermëttlunge vun der Police bis an de spéiden Nomëtteg ofgespaart ginn. Eigentlech ass d‘Informatioun domat gedoen.

Claire

Eigentlech, well dëse „Fait Divers“ betrëfft een vun eise feminine Sport-Espoiren. Beim Affer handelt et sech ëm d‘Claire Faber, eng Cyclistin déi am UCI Women‘s Continental Cup engagéiert ass. D‘Claire Faber sollt dann och dëst Joer seng éischt Saison op UCI-Niveau mam belschen Team Rupelcleaning bestreiden. Zu Lëtzebuerg ass d‘Sportlerin am Team Schleck/CP NVST/Losch

Säitens dem Lëtzebuerger Team gëtt bestätegt datt d‘Sportlerin uspriechbar ass, mee näischt zu den erliddene Blessure gewosst ass. Déi 22 järeg Cyclistin, sollt eigentlech de Weekend um Elsy Jacobs Festival deelhuelen. Am Team ass een entspriechend geschockt, woubäi et elo emol als éischt drëms geet datt d‘Claire Faber nees gesond gëtt. Ass dat gekläert kann nees iwwer Sport nogeduecht ginn.

Illustratioun: © Andy Schleck Cycles

Related topics Claire Faber, Cyclistin, Police, SAMU, UCI Women‘s Continental Cup, Verkéiersaccident
Next post Previous post