D‘Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis

De Freideg, de 26 November 2021 huet déi nawell feierlech Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis am Groussen Theater an der Stad stattfonnt. Dobäi war dës 9. Editioun scho fir den Hierscht 2020 virgesinn. Allerdéngs hat de Coronavirus d‘Pläng an d‘Waasser fale gelooss.

De Lëtzebuerger Filmpräis gouf vum Filmfong an der Filmakademie organiséiert. Bekannte Gäscht waren de Groussherzog an d‘Groussherzogin, de Premierminister Xavier Bettel, d‘Kulturministesch Sam Tanson an d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Duerch déi aktuell sanitär Moossnamen huet d‘Zeremonie a klengem Krees stattfonnt. Si gouf live op RTL.lu a filmprais.lu iwwerdroen. De Lëtzebuerger Filmpräis ass am Joer 2009 an d‘Liewe geruff gi fir d‘Ëffentlechkeet op den héichwäertege, lëtzebuergesche Kino opmierksam ze maachen an esou d‘Filmindustrie ze fërderen.

Bei dëser Editioun huet den Direkter vum Filmfong, de Guy Daleiden an de Präsident vun der Filmakademie, de Yann Tonnar houfreg d’Gewënner aus den ënnerschiddleche Kategorië presentéiert.

  • Präis fir déi bescht Musek:
    André Dziezuk – fir d‘Kompositioun vum Soundtrack vun Tel Aviv on Fire

Filmpräis 2021
André Dziezuk, Musekskomponist a Gewënner vum Präis fir déi beschte Musek beim Filmpräis 2021 © Film Fund Luxembourg/ Marie DE DECKER

  • Präis fir de beschte kreative Bäitrag an engem animéierten Wierk:
    Nicolas Debray, Gilles Rudziak an hier Ekipp fir d‘Animatioun vum Spillfilm Wolfwalkers Studio 352 / Mélusine Productions
  • Präis fir de beschte kreative Bäitrag an engem Fiktiounswierk oder Dokumentarfilm:
    Thierry Faber, Eric Lamhène, Christophe Wagner – fir d‘Dréibuch vun der Capitani-Serie
  • Präis fir déi beschte weiblech Interpretatioun:
    Sophie Mousel als Elsa Ley bei Capitani

Filmpräis 2021
De Jules Waringo, Komedien; Sophie Mousel, Komedien a bescht Schauspillerin beim Filmpräis; Catherine Elsen, Komedien © Film Fund Luxembourg/ Marie DE DECKER

  • Präis fir déi beschte männlech Interpretatioun:
    Luc Schiltz fir seng Roll vum Luc Capitani bei Capitani

Filmpräis 2021
Jules Waringo, Komedien; Luc Schiltz, Komedien a beschten Acteur beim Filmpräis; Catherine Elsen, Komedien © Film Fund Luxembourg/ Marie DE DECKER

  • Präis fir déi bescht Fernseeproduktioun an nei Animatiounsmedien:
    Fox and Hare vum Mascha Halberstad an Tom van Gestel – Doghouse Films
  • Präis fir déi beschte fiktional an nei Medieproduktioun:
    Capitani vum Christophe Wagner (Regisseur) an Thierry Faber (Designer) – Samsa Film

Filmpräis 2021
Eric Lahmène, Thierry Faber a Christophe Wagner, d’Gewënner vum Zeenario vun der Serie Capitani © Film Fund Luxembourg/ Marie DE DECKER

  • Präis fir de beschten animéierte Kuerzfilm:
    Seed of Hope vum Claude Kongs – Antevita Films
  • Präis fir de beschte Kuerzfilm:
    Portraitiste vum Cyrus Neshvad – Cynefilms
  • Präis fir de beschten animéierten Spillfilm a Co-Produktioun:
    The swallows of Kabul vum Zabou Breitman an Eléa Gobbé-Mévellec – Melusine Productions
  • Präis fir de beschte Lëtzebuerger Spillfilm a Fiktioun oder Animatioun:
    Superjhemp retörns vum Félix Koch – Samsa Film
  • Präis vum beschten Documentaire:
    An Zero – Comment le Luxembourg a disparu vum Myriam T. a Julien Becker – Skill Lab

Dobäi kommen nach de Filmpräis fir dat beschten XR-Wierk fir Ayahuasca vum Jan Kounen, koproduzéiert vun a_BAHN. Hei huet en extra fir dësen Ament zesummegestallte Jury aus internationale Professionellen d’Decisioun getraff. E spezielle Presse-Präis, d’Auszeechnung vun der Lëtzebuerger Kritik, goung u Wolfwalkers vum Tomm Moore a Rose Stewart (Mélusine Productions) a gouf vun der ALPC iwwerreecht.

Filmpräis 2021
De Stéphan Roelants, Produzent vu Mélusine Productions / Studio 352 huet de Präis fir d’Wierker Wolfwalkers a Les Hirondelles de Kaboul entgéint geholl © Film Fund Luxembourg/ Marie DE DECKER

Dernières nouvelles