Search

You may also like

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)
Neiegkeeten

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)

Méi wéi jeemools virdrun soll Solidaritéit gewise ginn. Solidaritéit géigeniwwer

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn
Neiegkeeten

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement,

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!
Neiegkeeten

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!

Schonn zënter 2003 ass de Rapper Uai, dee biergerlech Yves

Lëtzebuerger Handelsverband verlaangt Lackerungen

Lëtzebuerger Handelsverband verlaangt Lackerungen

Wärend bei eisen Noperen d‘Suergen ëmmer méi grouss an d‘Spideeler ëmmer méi voll ginn, hunn sech d‘Infektiounszuelen zu „Lëtzebuerg“ eppes berouegt. Gëschter huet d‘Regierung de Punkt vun der Situatioun gemaach, de Moie soll sech nach emol berode ginn, iert dann am Nomëtteg erkläert gëtt, wéi eng Mesuren déi aner Woch nach gëllen, wat ewech fält oder derbäi kënnt.

Aus der Intimitéit vum Regierungskrees ass allerdéngs erausgedrongen, datt wann een elo un deene wichtegste Mesure wuel wäert musse festhalen, et méiglecherweis awer eppes Entspanung ka ginn. D‘Ausgangsspär an de Verbuet vum Verkaf vun net „essentielle Wueren“ gëllt jo bekanntlech just bis den nächste Méindeg. Dat kéint unhand dem aktuell bekannte Stand duerchaus ewechfalen.

Hei läit d‘Betounung op kéint, well et heescht an dësem Kontext ze bedenken, datt och wann d‘Zuel vun de positiven Tester réckleefeg ass, et natierlech iwwert d‘Feierdeeg entschidde manner Tester ginn huet. Et wier folgerichteg eppes verfréit sech iwwert d‘Zuelen ze erfreeën. Seriéis Donnéeë wäert et wuel eréischt déi nächst Woch ginn. Dat ass awer un a fir sech näischt Aussergewéinleches.

D‘Auswierkunge vum „sozialen Austausch“ iwwert d‘Feierdeeg loossen sech an Zuelen eréischt festmaachen, wann d‘Inkubatiounszäit (4-7 Deeg) verstrach ass. Da muss och nach bewäert ginn, wéi en Impakt déi brittesch Covid19-Variant bei eis zu Lëtzebuerg huet. Dëse „Mutant“ ass jo an der Tëscht och vum LNS „lokaliséiert“ ginn. Dee suergt jo fir eppes Onrou op der Insel.

Elo stinn awer och d‘Geschäftsleit – besonnesch déi kleng Acteuren am Eenzelhandel – zolidd ënner Drock, an déi hoffe verständlecherweis, datt si Dieren nees dierfen opmaachen. Hei gouf villes ënnerholl, fir d‘Sécherheet vun de Konsumenten ze assuréieren. Den Handelsverband weist drop hin, datt wann et esou weider geet, vill Entreprisen trotzt Finanzhëllef net iwwerliewe kënnen.

Illustratioun: Um Site vun der Immobilienagence immotop.lu huet et seelen esou vill „Offere“ gi wéi dat zur Zäit de Fall ass. Et ass allerdéngs net déi beschten Zäit a Geschäftsraim ze investéieren.

Related topics Covid19-Gesetz, Covid19-Pandemie, Eenzelhandel, Infektiounszuelen, Regierungsrot
Next post Previous post