Search

You may also like

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs
Business Neiegkeeten

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt d’Strooss am Val Sainte Croix, vun

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC
Business Neiegkeeten

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC

Den 30. Januar hat déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz,

Wann eis de Bësch verluer geet
Business Neiegkeeten

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW)

Keng Perspektive fir d‘Lëtzebuerger Handwierk?

Keng Perspektive fir d‘Lëtzebuerger Handwierk?

Et gëtt wierklech kaum ee Beräich deen net vun der Covid19-Pandemie impaktéiert wier. Et gëtt an de Krisen déi wou gewannen, an déi wou verléieren. Zu Lëtzebuerg géif och d‘Handwierk zu deene Branche gehéieren, an deenen all d‘Sparte vun der sanitärer Kris a Matleedschaft gezu gi wieren.

Beim gemeinsamen Neijoerschpatt vun der Handwierkerfederatioun an der Beruffskummer, hunn de Generalsekretär Romain Schmit an de Generaldirekter Tom Wirion fir hir Memberen eng Rei Fuerderungen un d‘Regierung geriicht. Déi wier séier gutt beroden, den Handwierksbetriber an Independanten de Réck ze stäipen, wann et zukünfteg nach esou eppes wéi en Handwierk am Land sollt ginn. D‘Regierung misst alles maachen, Betriber an Independanten net weider ze schwächen.

An de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun huet hei dann och eng Rei interessant, wëll opschlossräich Remarke fale gelooss. Esou soll et bei de leschten Entrevue mat der politescher Elite zu folgender Ausso komm sinn: „Et geet net duer, beim Cocktail engem Entrepreneur-Frënd ze begéinen, fir ze wësse wat d‘Wirtschaft denkt“. Et geet also am Handwierk net nëmmen ëm Geld?

Woubäi de Romain Schmit dann awer net de politesche Partner mat Virwërf begéine wëll. Hie géif et dofir gutt fannen, wann sech d‘Politik an d‘Regierung am Spezielle méi mat de Federatiounen an hiren ënnerschiddleche Kummeren ënnerhale kéint. Et bréicht méi Dialog a virun allem méi Ecoute, säitens den zoustännege Ministeren. De Sozialdialog dogéint, deen hätt 2020 éischter gutt geklappt.

Et muss méi liberaliséiert ginn

Flott dann nach de Constat, datt och de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun alles a séi Géigendeel an de Raum gehäit. Nodeems dësen sech ee méi groussen Echange mat de politeschen Interessevertrieder gewënscht huet, vun dësen och däitlech méi Ënnerstëtzung afuerdert, sëtzt de Romain Schmit sech an sengen Ausféierunge bewosst a gewollt selwer d‘Been. Awer just Verbal…

Dialog ass laut Handwierkerfederatioun net gläich Dialog. Esou hält ee säitens dem Handwierk vum sougenannte Sozialdialog éischter näischt. Schold dorunner sinn natierlech d‘Sozialpartner: Politik & Gewerkschaften. D‘Parteie géife just un hir eegen Agenda denken, an d‘Gewerkschaften hätten absolutt keen Interessi un engem konstruktiven Dialog. Do géif just ëm Fuerderunge goen.

Am léifste wier dem Romain Schmit wann sech d‘Politik (un déi hien appelléiert fir och am zweete Semester 2021 finanziell Zouwendungen ze erhalen) ganz géif eraushalen an een d‘Gewerkschafte verbidde kéint. Si hätten d‘Erfarung gemaach, dat alles vill méi einfach wier, wa sech d‘Politik géif fir d‘Doleance vun de Wirtschaftsacteuren interesséieren, wéi fir gewerkschaftlech Fuerderungen.

D‘Zeechen erkennen an Deiten

Fir de Generaldirekter vun der Beruffskummer, Tom Wirion, war den Neijoerschpatt d‘Geleeënheet vun enger „Dräiklassegesellchaft“ ze schwätzen. Hien ass iwwerzeegt, datt hei déi produktiivst a wuel wichtegst Leit am wirtschaftleche Kontext (grouss Patronen an d‘Konzernmanager ausgeholl) iwwert den dësch gezu ginn, d‘Proletariat bevirdeelegt an d‘Fonctionnaire privilegiéiert ginn.

An esou maachen Handwierkerfederatioun a Beruffskummer eng Ausso, déi zwar esou net stëmmt, mee Balsam fir déi geschändte Séile vun den Independanten ass. Wirion a Schmitt woen et hei tatsächlech ze behaapten, datt Beamte bei volle Bezich vun der Aarbecht fräigestallt gi wieren, an dat souwisou besser gestallte Salariat aus dem Privatsecteur, trotz Kuerzaarbecht nach 80% vum Loun zougestane krut. D‘Independanten awer hätt ee vergiess oder zumindest net berécksiichtegt.

Et gëtt nach drop higewisen, datt (an dat bei dëser neoliberaler Regierungsausriichtung) d‘Politik zwar genee Bescheed wéist wann et ëm de Loun, d‘Pensiounen an déi sëlleche Sozialleeschtunge geet, mee wéineg Anung vu wirtschaftlecher Entwécklung an der Finanzéierung vun eben de Léin, Pensiounen a Sozialleeschtungen hätt. Betriber dogéint géifen no hiren Nuisance beuerteelt…

Fage war och Thema

Statt datt sech säitens der Handwierkerfederatioun an de Beruffskummer driwwer gefreet gi wier, datt der Regierung, also méi Prezis dem Wirtschaftsminister, de Dossier Fage am Tirang explodéiert ass, an demonstréiert ka ginn, datt grad lokal Handwierksbetriber vum Staat – géintiwwer de villen auslännesche Konzerner – benodeelegt ginn, wann et ëm d‘zouschoustere vun Terraine geet…

Nee, si gesinn doranner just e Beispill vun enger verfeelter Industriepolitik. Gutt et gëtt erkannt, datt de legislative Kader net kloer wier (obwuel et säit 1993 e Gesetz huet) mee wann een d‘Delaien an engem raisonnabele Kontext ënnerbruecht hätt, géif de Buttek längst stoen a gutt wier et. Mat deem ganze Gestreits géif een eenzeg an eleng dee Geescht vum Entreprenariat ad absurdum féieren.

Eng weider Kritik: et wier der Regierung méi wichteg Beruffs- a Familljeliewen ze harmoniséieren, wéi sech der Produktivitéit vun den Entreprisen unzehuelen. Si verlaangen elo, datt sech dës Regierung enger dynamescher a kompetitiver Wirtschaft verschreift an alle an d‘Wee leet, fir d‘Produktivitéit an d‘Resilienz vun den d‘Pandemie iwwerliewende Betriber ze stäerken.

Illustratioun: © Jesse Orrico / unsplash

Related topics Beruffskummer, Covid19-Pandemie, Finanzhëllef, Handwierkerfederatioun, Neijoerschpatt
Next post Previous post