Search

You may also like

Néie Steierbüro op der Cloche d’Or
Meenung Neiegkeeten

Néie Steierbüro op der Cloche d’Or

Am Bäisinn vum Finanzminister Pierre Gramegna an dem Direkter Pascale

Covid19-Gesetz: De Begrëff „Terrass“ muss preziséiert ginn
Meenung Neiegkeeten

Covid19-Gesetz: De Begrëff „Terrass“ muss preziséiert ginn

Zanter dem 7. Abrëll kënnen d‘Lëtzebuerger wéi d‘Gäscht aus dem

Ëmmer labber bleiwen, datt geet da schonn
Meenung Neiegkeeten

Ëmmer labber bleiwen, datt geet da schonn

E Freideg hunn de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch de Punkt zur

Editorial: de Lëtzebuerger Journal net méi offiziell DP-Parteizeitung

Editorial: de Lëtzebuerger Journal net méi offiziell DP-Parteizeitung

An der Mëttegstonn ee Samschden, war d‘Familljeministesch a Presidentin vun der Demokratescher Partei (DP) bei de Kolleege vum Honnertkommasiwen am Interview. Et goung natierlech ëm de Fall Monica Semedo, ëm déi Schwaarz Sheriffer an der Stad Lëtzebuerg, a villem anere méi. Eppes ervirzehiewen, wier datt de „Lëtzebuerger Journal den Ament net méi als offiziell Parteizeitung an den DP-Statutte gefouert gëtt.

Journal

Den offizielle Wuertlaut (laut Honnertkommasiwen)

„Op engem extraordinäre Parteikongress dëst Joer wëll d’Corinne Cahen eng Ännerung vun de Statute proposéieren: Den Artikel 2.2. an deem d’Zeitung “Lëtzebuerger Journal” als offiziell Parteizeitung definéiert gëtt, soll da gestrach ginn. Si hätt dat ëmmer “extrem gestéiert”, well d’Press misst onofhängeg sinn.

D’Polemik ëm d’Publikatioun vum Chamberbliedchen-PDF op journal.lu wier fir si den Ausléiser gewiescht, datt dës Ännerung elo séier misst gemaach ginn. Dëst wier am Interessi vun der jonker Equipe, déi den digitalen Optrëtt vum Journal elo nei lancéiert hätt.

De Journal gehéiert zu iwwer 60 Prozent dem “Centre Eugène Schaus“, enger ASBL vun der Demokratescher Partei. Si géif net mengen, datt sech un de Besëtzverhältnisser eppes sollt änneren, mee géif sech do och “iwwerhaapt net auskennen”. Och zu de finanzielle Lienen tëschent der Partei an dem Journal huet d’Corinne Cahen näischt gesot. Si wier selwer net am “Centre Eugène Schaus”, well dat si net géif interesséieren.“

Alles eng Fro vun der Rhetorik

Wat sech iwwerflächlech unhéiert, wéi wann de Lëtzebuerger Journal, deen et jo zanter neistem nëmmen nach an digitaler Form a mat begrenzten Humanressource, elo eng „allgemeng“ Zeitung géif ginn; wat d‘Journalisten och géif néidegen eppes kritesch mat de Liberalen ëmzesprangen, ass faktesch eng Niwwelkäerz. Et gesäit awer wierklech besser aus, wann den Terme „Offiziell“ net méi zum droe kënnt. Iwwert den Ëmwee vum Centre Eugène Schaus, behält ee jo awer d‘Kontroll.

Journal

Am Géigesaz zum Corinne Cahen, déi zu Paräis Journalismus studéiert huet an a jonke Jore fir den RTL (deemools nach net Bertelsmann) geschafft a keck behaapt, datt et si „ëmmer extrem gestéiert“ hätt, si mir net der Usiicht, datt eng Zeitung kee Parteiorgan sollt dierfe sinn. Zudeem gëtt et ëmmer, ganz egal wéi grouss een als „Zeitung“ ass, ee gewësse Grad vun Ofhängegkeet a sief et reng finanziell.

Ënner „Onofhängegkeet“ versteet een, datt Journalisten hir Theme fräi wielen a behandelen dierfen. Déi sollten – esou ass et Traditioun – der editorialer Linn ugepasst, zumindest un dëser Ausgeriicht sinn. Et huet ganz wéineg Redaktiounen, wou et méiglech ass sech trotz géigesätzlecher Usiichten a Meenunge laangfristeg ze halen. Datt et elo zum engem „changement d‘Attidude“ bannent der DP kënnt, ass däitlech op déi duerch d‘Chamberbliedchen ausgeléiste Polemik zeréckzeféieren.

Dem Etgen seng Spillercher

Och de Chamberpresident Fernand Etgen ass ee liberalen a Member vun DP-Directoire, net ze vergiessen datt och dee fir d‘Medien zoustännege Staatsminister Xavier Bettel ee liberalen ass. Wann do d‘Relatioun tëscht der Publikatioun vum Chamberbliedchen an dem Lëtzebuerger Journal nach Froe sollt opgeworf hunn, esou ass et virun allem den Deputéierte vun der Piratepartei zouzeschreiwen, datt de Chamberpresident dëse lukrative Vertrag nees huet missen zréckhuelen.

Dëse wollt sengem – elo net méi offizielle – Parteiorgan eppes ënnert d‘Äerm gräifen a war bereet 1.600 Euro pro Publikatioun, vun der PDF-Versioun – déi vun de Mataarbechter aus der Chamber zesummegeschrauft gëtt – ze iwwerweisen. Sécher bedeit dat fir d‘Ekipp vum Lëtzebuerger Journal schonn eppes Opwand de Fichier op de Server eropzelueden, an e Link muss och erstallt ginn.

Mir hunn den Aarbechtsopwand intern ausgerechent, an ënnert der Berécksiichtegung, datt een eng Sécherheetskopie archivéiert, eventuell déi éischt Säiten aus berufflechem Gewëssen iwwerflitt, si mir op eng hallef Aarbechtsstonn komm. Well dës Aarbecht weder vum Chefredakter oder engem Journalist, mee zimmlech einfach och vum Sekretariat ze bewältegen ass, géif et bei eis wesentlech manner wéi 100 Euro kaschten, der Ëffentlechkeet d‘Chamberbliedchen zur Verfügung ze stellen.

Journal

Woubäi (a jo mir géifen eis iwwert all Zomm tëscht 50 an 100 Euro freeën) wann d‘Beamten an der Chamber hiren digitale Gedanken zu Enn gestreamt hätten, wieren se eventuell drop komm, datt wann et méiglech ass eng dediéiert Internetsäit fir d‘Petitiounen ze erstellen, dat och fir déi vun der Chamber geschafe Publikatioun sollt méiglech sinn. Vläicht läit et awer och un der digitaler Fraktur…

Huele mir emol en Ament un, et géif beim Staat keen (dobäi hu se de CTIE jo längst privatiséiert) dee sech mat Informatik, Internet a Publikatiounen auskennt. Huele mir weider un, datt een dat misst an der Press verëffentlechen. Wier et dann net Sënnvoll gewiescht (wat et dierft kaschten hu mir jo scho gesot) et allen offizielle Medien zur Publikatioun ze ginn? Anscheinend net…

Illustratioun: Et ass nach erlaabt dierfen drop hinzeweisen, datt déi vum Corinne Cahen gefuerdert „Onofhängekeet“ vum Journalismus bannent dem Lëtzebuerger Journal, och géif mat abezéien, datt de „Journal Online“ ee Wuert zur Affäre Monica Semedo geschriwwen hätt. Dat ass net de Fall, wat nees déi gutt Bezéiung tëscht Partei a Parteipublikatioun ënnersträicht. An dat ass hiert gutt Recht. © R22 (Richtung 22)

Related topics Chamberbliedchen, Corinne Cahen, Demokratesch Partei, DP, Fernand Etgen
Next post Previous post