Search

You may also like

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland
Meenung Neiegkeeten

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland

Laut den ëffentlech-rechtleche Medien a Finnland, kënnen sech d‘Sozialdemokraten (SPD)

money
Finanzplaz Lëtzebuerg bleift Steierparadäis
Meenung Neiegkeeten

Finanzplaz Lëtzebuerg bleift Steierparadäis

Dat sinn alt nees där Noriichten, déi dem Escher Bouf

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern
Meenung Neiegkeeten

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern

Nordzypern gëtt zanter 1974 vun tierkeschen Truppe besat, gesäit sech

Editorial: Déi nei Normalitéit am Lëtzebuerger Journalismus

Editorial: Déi nei Normalitéit am Lëtzebuerger Journalismus

Viru knapp enger Woch hu mir missen op eng Rei Problemer agoen, déi wäit méi wéi eben nëmmen eng Erausfuerderung fir de Lëtzebuerger Journalismus duerstellen. A Krisenzäiten hunn, bis op wéineg Ausnamen, déi meeschten Editeure Problemer de finanziellen Equiliber ze behalen, well et kaum Reklamme gëtt. Glécklech ass wien d‘Avise vum Staat an de Gemengen zougestane kritt.

Vill Haiser hu säit Éiwegkeete Schwieregkeeten, dëse prekären Equiliber schonn ënner normalen Ëmstänn hinzekréien, a wann no der sanitärer Kris d‘Wirtschaftskris antrëtt, wäert sech lues awer sécher eng nei Normalitéit am Lëtzebuerger Journalismus etabléieren. Et muss ee kee groussen Ekonomist sinn, fir dierfen ze behaapten, datt et wäert mussen zu Entloossunge kommen.

Elo huet de Bistum sech vu senge Publikatioune getrennt. Den neie Proprietär; Mediahuis NV ass, wéi mir aus hirem Communiqué enthuele konnten, houfreg, de Maartleader – 150.000 Lieser am Print, 100.000 Lieser online – iwwerholl ze hunn. Si ginn zudeem un, datt et d‘Zil ass, de Betrib digital nei opzestellen an nei Produkter wéi och Déngschter fir d‘Lieser ze entwéckelen.

Bei St. Paul géifen iwwer 300 Journaliste schaffen, déi an de verschiddenen Departementer fir déi sëlleche Publikatiounen aktiv sinn. Wéi vill vun dësen am Kontext vun der Iwwernam herno nach reell wäerten do sinn, dat wollten se eis an der Belsch net erzielen, an och soss sinn si zimmlech Vague bliwwen, zu deem wat ënnert dem digitalen Update an déi nei Déngschter ze verstoen ass.

Gewosst ass awer, datt elo emol muss gespuert ginn, firwat ee sech an enger éischter Phas drop wëll konzentréieren, wéi eng Beräicher nach zäitgeméiss sinn. Ass dat bis gekläert kann ee sech der Restrukturatioun unhuelen an mam digitalen Ausbau ufänken. Digitaliséierung a Restrukturatioun sinn allerdéngs och mat Aarbechtsplazofbau „verwannt“, firwat sech eng Rei Leit Froe stellen.

Datt et zum Verkaf bis ewell weder vum Journalisteverband nach vum Presserot eng Stellungnam ginn huet, léisst de Schluss zou, datt si dovunner woussten an sech och net weider Gedanken iwwert dat maachen, wat et bedeit, wann eng vun den eelste Publikatiounen am Land verkaf gëtt. Wat fir en Impakt huet d‘Iwwernam a kann een ënnert dësem Ëmstänn d‘Wort nach als systemrelevant gesinn?

Geséchert schéngt jiddefalls, datt sech déi Editorial-Linn wäert veränneren, an och eppes méi Main-Stream, fir net soe „Customer compliant“ Inhalter wäerten afléissen. Mediahuis huet ee gudde Portfolio u finanzstaarken Annonceuren, déi duerchaus och dierfen Afloss op den Inhalt huelen. Dat ass haut esou üblech, well et bäisst een net an déi Hand déi ee fiddert. An et geet jo och ëm de Goss.

Fir déi „Kleng“ awer ass dës Iwwernam och a gewësser Mooss eng Gefor. Zum enge kann de Konzern, bei de Reklammen nei Präisser virginn, an zum anere mussen si sech net mat de bestoende Reseaue ploen, zumindest net laangfristeg. De Kuch gëtt also net méi grouss an et wäert och nach musse bei den Inhalter gespuert ginn. Et wäert dann och en Afloss op dat neit Pressegesetz hunn.

Déi nei Normalitéit am Lëtzebuerger Journalismus wäert net jidderengem geleeë kommen, schonn d‘Iwwernam vu RTL duerch Bertelsmann, huet gewise wouhinner et goe kann. A Bertelsmann kritt mat Mediahuis schonn esou eppes wéi ee Konkurrent. Et dierf ee gespaant sinn wouhinner dat alles féiert. Mee si sinn net déi eenzeg, och d‘Maison Moderne muss sech op de Clash astellen…

Ilustratioun: © Elijah O‘Donnell / unsplash

Related topics Bistum, Journalismus, Main Stream Media, Mediahuis, St. Paul
Next post Previous post