Search

You may also like

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung
Neiegkeeten

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung

An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all

surprise
Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
Neiegkeeten

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit

De Justizministère huet, wéi all Joer eng Tabell verëffentlecht an där déi Persounen opgefouert ginn, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn. Dobäi steet och d’Verfaren, souwéi d’Hierkonftsland vun den neie Lëtzebuerger.

Am vergaangene Joer kruten am Ganzen 9.389 Persounen d’Lëtzebuerger Nationalitéit, 2019 waren et 11.415 Persounen. Am Verglach zu 2015 mat 5.306 Persounen huet sech dës Zuel verduebelt.

Esou waren et ënnert anerem 1.013 Belsch, 1.799 Brasilianer, 2.264 Fransousen an 256 Italiener, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hunn. Weider Detailer zur Zesummesetzung an Hierkonft vun den insgesamt 9.389 Persoune fannt Dir an dëser Tabell (PDF).

Et ass wichteg, dës Zuelen am Zesummenhang mat den neie Gesetzesännerungen ze analyséieren. Zënter der Reform vum 1. Abrëll 2017, goufe méi Demanden agereecht wéi an de Joren virdrun. De Grond ass, datt d’Bedéngunge fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, méi einfach gi sinn. Dat selwecht gëllt fir d’Verfare selwer.

Een Nokomme vun der Pappen- oder Mammesäit vun engem Lëtzebuerger Virfaren (virun 1900), deen d’Nationalitéit mat der Zäit verluer huet, kann ënner bestëmmte Konditiounen eng Demande maachen.

Dozou gehéiert ee Certificat, mat deem bewise ka ginn, datt hien en Nokommen ass. D’Hierkonft vum Virfaren däerf bis an d’Joer 1900 zeréckreechen, däerf awer net méi al wéi den 31. Dezember 2018 sinn.

Den Interesséierte muss d’Réckfuerderung vun der Lëtzebuergesch Nationalitéit bis den 31. Dezember 2021 virun engem Offizéier vum Zivilstaat ënnerzeechnen.

Dës Friste si strengstens anzehalen, d’Verfare ka soss agestallt ginn. Zanter dem 1. Januar 2019 ass et nämlech net méi méiglech, eng frësch Demande ze maachen, wann d‘Ofstamung op ee Virfare zeréckgeet.

Related topics Belsch, Brasilianer, Fransousen, Hierkonft, Italiener, Justizministère, Lëtzebuerger Nationalitéit, Virfaren
Next post Previous post