Search

You may also like

dislike
Analys: Déi politesch Néierlag vum Martin Schulz a fënnef Akten
Neiegkeeten

Analys: Déi politesch Néierlag vum Martin Schulz a fënnef Akten

No heftegster Kritik aus dem eegene Lager, huet den „nach“

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an
Neiegkeeten

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

Nodeems um Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch hir „Deklaratioun zur

MC Solaar op Streamingplattformen disponibel
Neiegkeeten

MC Solaar op Streamingplattformen disponibel

Endlech, wéilt een do scho bal soen. Déi éischt Albe

Lëtzebuerger ONGen am Asaz géint de Covid19

Wat d‘Allure vun engem „speed-dating“ hat, war eigentlech eng grouss Unerkennung

Lëtzebuerger ONGen am Asaz géint de Covid19

Um Mëttwoch haten de Premierminister Xavier Bettel (DP) an de Kooperatiounsminister Franz Fayot (LSAP) ee Rendez-vous mat de Lëtzebuerger ONGen déi hire Beitrag am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie an de Länner vum „Süde“ geleescht hunn an och weiderhi leeschten.

Et war eng Hëllef déi si dank enger grousse Flexibilitéit séier leeschte konnten, datt esouwuel bezunn op d‘Mataarbechter déi op der Plaz sinn, wéi och dem Kooperatiounsministère, den zougelooss huet de Budget vu verschiddene Projeten ëmzeleeden, fir déi wichtegAktiounen am Kontext vun der Covid19-Pandemie ze erméiglechen.

De Kooperatiounsminister huet an dësem Zesummenhang drop higewisen, datt et richteg a wichteg war déi Decisioun ze huelen. Hie bestätegt, datt et besonnesch fir d‘Entwécklungslänner eng zolidd Erausfuerderung ass, well déi engersäits net wierklech iwwert ee funktionelle Gesondheetssystem verfügen an schonn emol guer net déi néideg Finanzen hunn fir deem ze begéinen.

Nieft dem Approvisionnement mat Masken an Desinfektiounsmëttel, hunn d‘ONGen och vill Opklärung am Kontext vun den noutwennegen Hygiènesregele geleescht. Woubäi et do wou d‘Waasser knapp ass, elo och net evident ass sech op Schratt an Tratt d‘Hänn ze wäschen.

D‘Marie-Josée Jacobs (CARITAS) huet d‘Beispill vum Niger genannt, wou de Mann op der Plaz hinne matgedeelt hat, datt si weder Masken nach Desinfektiounsmëttel hätten, an natierlech och kee Geld do ass fir dat alles ze besuergen. De Marc Crochet (Rout Kräiz) huet erkläert datt bei hinnen eng Rei Projete méi lues gelaf sinn, awer all d‘Aktivitéite konnte weidergefouert ginn.

Fir d‘Monique Berscheid (Terre des Hommes Lëtzebuerg) där hir ONG fir Kannerrechter an Zentral- a Südamerika am Asaz ass, war et keng einfach Decisioun ee puer Méint laang déi Dagesfoyeren, wou besonnesch Kanner aus den defavoriséierte Quartiere vu Managua am Nicaragua vun der Strooss geholl ginn, zouzemaachen.

All Bäitrag ass wichteg

Et huet sech missen der Situatioun ugeholl ginn, an esou sinn d‘Mataarbechter dohinner gaange, wou si gebraucht goufen. Si hu Liewensmëttel, Maske fir d‘Kanner verdeelt an déi Kanner wou mësshandelt ginn an Obhut geholl.

An änlech wéi déi virecht genannte Situatiounen a Schwieregkeeten, war et dann och fir SOS Kannerduerf. Si sinn awer gutt opgestallt an hunn, trotz verschiddene punktuelle Problemer alles esou wäit am Grëff gehat.

De Bechara Ziade (Action pour un monde uni) huet sengersäits drop higewisen, dat seng ONG de Mangel un ëffentlechem Transport an Afrika kompenséiert huet. Si hu wärend dem Confinement derzou bäigedroen, datt d‘Fleegepersonal an d‘Spideeler kënnt an hu hir Formatioune kënnen oprecht erhalen.

Ee vun de gréissere Problemer deen allen ONG gemeng ass: de Goss. D‘Donen si bei deene meeschte réckleefeg an et konnten och keng grouss Aktiounen, wéi beispillsweis de Rout Kräiz Bazar, organiséiert ginn. Et soll wuel no alternative gesicht gi sinn, mee déi hunn net wierklech d‘Rudder ëmgerappt.

De Franz Fayot huet den ONGen dann awer verséchert, datt d‘Regierung och weiderhin 1% vum RNB (Nationaalt Bruttoakommes) fir d‘Kooperatioun bereetstellt. Hie weess allerdéngs och, datt de Montant wéinst de Kris wäert e geréngere sinn wéi nach virun der Kris. An wann ee bedenkt wat do nach eis duer kënnt, wäert sech d‘Lag net esou séier verbesseren.

Foto: D‘Monique Berscheid, Presidentin vun Terre des Hommes, war zesumme mat de Vertrieder den aneren ONGen dem Kooperatiounsminister dankbar fir d‘Hëllef an Ënnerstëtzung. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Action pour un monde uni, Caritas, Franz Fayot, Hëllef a Kooperatioun, Rout Kräiz, SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, Terre des Hommes, Xavier Bettel
Next post Previous post