Search

You may also like

Amtsuntrëtt vum Joe Biden: De Charles Michel erënnert un Demokratie a Fridden
International Neiegkeeten

Amtsuntrëtt vum Joe Biden: De Charles Michel erënnert un Demokratie a Fridden

Haut dierf den Joe Biden säin Amt als 46. President

Zypern bleift Konservativ
International Neiegkeeten

Zypern bleift Konservativ

Déi konservativ DISY ass trotz „Hand ophalen“ nach ëmmer déi

China baut seng Raumstatioun aus
International Neiegkeeten

China baut seng Raumstatioun aus

Dräi Taikonaute sinn an der Nuecht op en Donneschdeg, mat

De Lëtzebuerger Pavillon bleift nach e bëssen zu Dubai

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet am Kader vu sengem Besuch an den Arabeschen Emiraten de Site vum Lëtzebuerger Pavillon besicht. Dësen ass Deel vun der Expo 2020, déi vum 1. Oktober 2021 bis den 31. Mäerz 2022 nogeholl gëtt.

Wärend dem Besuch hunn d’Generalkommissärin Maggy Nagel sou wéi de Franz Fayot, Seng Exzellenz Reem Al Hashemi getraff, de Staatsminister fir international Zesummenaarbecht. Ausserdeem ass hien de Managing Direkter vun der Expo 2020.

Wärend dësem Treffen huet de Franz Fayot de Virschlag vun den Autoritéite vun Dubai ugeholl, an deem et drëms geet de Lëtzebuerger Pavillon weider ze iwwerhuelen. Dëse kann dann no der Expo nei genotzt ginn.

Heizou huet de Wirtschaftsminister ënnerstrach, datt et eis d’Méiglechkeet gëtt, d’Dauer vu sengem Bestoen ouni weider Käschten ze verlängeren. „Déi emblematesch Architektur vum Gebai, d’Symbol vun Offenheet an d’Dynamik vun onsem Land bleift eng Zäit laang erhalen. Ech freeë mech, datt d’Expo 2020 fir Lëtzebuerg wäit iwwer déi geplangte 6 Méint weider geet.“

Och d’Generalkommissärin Maggy Nagel huet betount, datt d’Aarbecht vum Metaform Büro an der Equippe vum Projet esou gutt erhale bleiwen. „Dëst herrlecht Gebai passt perfekt an de Geescht vum neie Stadplanungskomplex, deen sech an de kommende Jore ronderëm den aktuelle Site vun der Weltausstellung entwéckele wäert.“

Weider Informatiounen zum Pavillon fannt Dir op www.luxembourgexpo2020dubai.lu.

Billergalerie: © MECO

Related topics Dubai, Expo 2020, Franz Fayot, Lëtzebuerger Pavillon, Maggy Nagel, Reem Al Hashemi, Visitt
Next post Previous post