Eng Sprooch léiert sech am Beschten, wann ee se schwätzt – oder séngt

D’Sprooch déngt net nëmmen der Kommunikatioun, mee gehéiert zum kulturelle Patrimoine an zur Identitéit vum jeeweilege Land. Esou setze sech och zu Lëtzebuerg divers Acteuren dofir an, datt de Sproochgebrauch vun haut festgehalen an d’Pärele vun der Vergaangenheet an Erënnerung geruff ginn.

Zanter 50 Joer ass d’Asbl „Actioun Lëtzebuergesch“ am Asaz fir eis Sprooch. Mat diverse Bicher a Broschüren gi beispillsweis Lëtzebuerger Duerf-, Stroossen- a Flouernimm festgehalen, Kannergeschichte gebueden oder och Ausdréck der grousser Ëffentlechkeet presentéiert.

A genee dat ass net nëmmen e wichtege Beitrag fir Persounen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, mee och fir Mammesproochler.

Ma, déi eng léieren eng Sprooch besser duerch d’Héieren, anerer duerch d’Schreiwen oder d’Schwätzen. Do ginn et awer och déi Leit, déi sech duerch Musek an déi dozou gehéiereg Texter Wieder an Ausdréck uneegnen. Aus dësem Grond hält de Jean Kandel d’Lëtzebuerger Lidderschätz fest.

Dobäi sollt een drun denken, datt Musek oft de Geescht vun der Zäit festhält a sech u wichteg Theemen vum Moment inspiréiert. D’Texter handelen iwwert d’Land, d’Dierfer a seng Bewunner, fréier Beruffer, Fester a Feierlechkeeten, Interessen, sou wéi traureg a glécklech Momenter.

E Grond méi also, datt d’Geschicht, déi musikalesch festgehale gëtt, vun alle Generatioune gesi gëtt an zu neiem Liewen erwächt ka ginn. A sengem Archiv vun iwwer 4.000 Lëtzebuerger Lidder mat Nouten an Texter schützt de Jean Kandel dëse kulturelle Patrimoine, deelt en natierlech awer och gäre mat der Ëffentlechkeet.

Lëtzebuerger Sprooch

An dësem Kader huet hie well 2 Lidder-Bicher mat 95 musikalesche Pärelen erausbruecht. Déi kann ee bei him selwer per Mail jeankandel@pt.lu oder Telefon (+352) 621 665 212 bestellen. Zousätzlech sinn d’Wierker an de Bicherbutteker „Um Fieldgen“ an der Stad, „Am Wenkel“ zu Bartreng, am „Diederich“ zu Esch, sou wéi bei „100 % Lëtzebuerg an „Eicatcher“ zu Gréiwemaacher ze fannen.

Dernières nouvelles