Search

You may also like

money
Grouss Marke boykottéiere Facebook
Neiegkeeten

Grouss Marke boykottéiere Facebook

All dës Konzerner reagéieren op eng Boykottaktioun déi d‘Lescht Woch

ADR Frae protestéiere fir méi Sécherheet zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

ADR Frae protestéiere fir méi Sécherheet zu Lëtzebuerg

Den 8. Mäerz ass den internationale Fraendag. Wéi all Joer

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei de Ministèren, de Gemengen an Administratiounen uwennen. An ëmmer méi friemlännesch Matbewunner wëllen se léieren: d‘Lëtzebuerger Sprooch. Eng Sprooch, déi nieft a mat villen anere Sproochen eng Chance an eng Erausfuerderung ass.

Fir de Erzéiungsminister Claude Meisch (DP) ass d‘lëtzebuergesch en Deel vun eiser Identitéit. Mee et géif och ëm Gefiller goen, grad an Zäite wou alles esou „séier“ ze goe schéngt, an esouguer d‘Kultur sech globaliséiert huet. Et géif also gutt doen eppes ze hunn, wat engem „eegen“ ass. Mat der Sprooch wier dann och d‘Heemecht net eppes wat sech duerch Grenzen definéiert, mee duerch Kultur.

Fir d‘Fërderung vum Lëtzebuergeschen hätt d‘Regierung an de leschte Joren aus bildungspolitescher Siicht vill Initiativen ergraff a Projeten ëmgesat. Si wollt esou der Nationalsprooch dee Stellewäert ginn, dee si am Kontext vun der Sproochen Diskussioun och verdéngt hätt. Esou goufen op ënnerschiddlechen Niveauen an der Educatioun Moossname, fir d‘léiere vum Lëtzebuergesche geholl.

Online

Den Erzéiungsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir d‘Kultur Guy Arendt, hu gëschter d‘Campagne „sproocheronn.lu“ virgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Regierung huet dann awer net nëmmen am schoulesche Beräich Efforte gemaach. Fir de Status vun eiser Sprooch weider opzewäerten, se ze fërderen an esou laangfristeg ze garantéieren, war am Mäerz 2017 e Strategiepabeier mat 40 Mesure virgeluecht ginn. Och war eng Orthographie-Campagne (schreiwen.lu) inklusiv enger neier Brochure mat de wichtegste Reegelen – déi gratis erhältlech ass – lancéiert ginn.

De Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt (DP),  ass da bei der Presentatioun vun der Campagne „sproocheronn.lu“ nach emol kuerz op de Gesetzprojet fir d‘Promotioun vum Lëtzebuergeschen agaangen, dat nach en dëser Legislaturperiod an der Chamber soll gestëmmt ginn. Dobäi geet ënner anerem ëm d‘Grënnung vum engem Zentrum d‘Lëtzebuergescht, engem Posten als Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch, an engem 20 Joresplang fir d‘Lëtzebuerger Sprooch.

Jidderee ka säi Bäitrag leeschten

Mat enger Aktioun ënnert dem Slogan „Wat mengt dir?“ ginn et véier Biergerforen uechter d‘Land: déi éischt schonn de 27. Februar am Forum Geesseknäppchen an der Stad, den 8. Mäerz an der Kulturfabrik zu Esch, de 15. Mäerz am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref, dee leeschten den 20. Mäerz an der Aler Seeërei zu Dikrech. Sollt den Interessi grouss sinn, gi weider Biergerforen net ausgeschloss.

Et muss een allerdéngs elo net un engem Biergerforum deelhuelen, fir sech un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch ze bedeelegen. Während der ganzer Zäit vun der Campagne, kann een online, mam Handy, dem Tablett oder ganz konventionell mat sengem Laptop oder Computer via www.sproochronn.lu, un der Diskussioun deelhuelen, sech mat aneren austauschen an esouguer eege Proposen ënnerbreeden.

Nieft enger Evaluatioun vun de Proposen, den Themen am Chat, an deem wat aus den Diskussiounen op deene verschiddene Biergerforen erauszehuelen ass, gëtt dann och nach eng TNS-Ilres Ëmfro, bei engem „Representative Pannell“ vun 1.000 Bierger gemaach. Alles wat do zesummekënnt, soll dann och den 20 Joresplang afléissen

Un dës Campagne sinn dann och Erwaardunge geknäppt. Erhofft gëtt sech awer fir unzefänken eng sachlech, mee sécherlech och kritesch Diskussioun, zu allem wat scho gemaach ginn ass, a wat een sech géif wënschen datt et gemaach gëtt. Sënn an Zweck ass et, déi gesellschaftlech Revendicatiounen ze erkennen, an deene wou et méiglech ass Rechnung ze droen.

Related topics Biergerforen, Claude Meisch, Guy Arendt, Sproocheronn
Next post Previous post