Search

You may also like

D‘Aarbechtsinspektioun an d‘Pandemie
Neiegkeeten

D‘Aarbechtsinspektioun an d‘Pandemie

Zanter dem Ufank vun der Pandemie ass d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) mat

Wou Schof op d’Wäibierger treffen
Neiegkeeten

Wou Schof op d’Wäibierger treffen

Mat Frënn op enger Terrass sëtzen, d’Sonn genéissen an deen

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen
Neiegkeeten

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen

Et gesäit een se op Festivalen, BD-Foiren a Conventions: Stormtrooperen.

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir

Lëtzebuerger Start-up Mandexpa stellt sech vir

An der Folleg vu hirem Lancement, huet déi kollaborativ Immobilière-Plattform Mandexpa eng Konferenz virgesinn, bei där d‘Ziler vun dëser Lëtzebuerger Start-up presentéiert ginn. De CEO Michel Cucchiara wäert bei dëser Geleeënheet seng Léisungsvirschléi fir Privatleit an Entreprise virdroen.

„Ech freeë mech dës Konferenz ze animéieren. Wäit méi wéi eng klassesch Internetplattform am Immobiliësecteur bitt Mandexpa ee ganz innovatiivt Konzept. Mat dësem Projet kéint et zu enger Revolutioun am Lëtzebuerger Immobiliësecteur kommen“, esou de Michel Cucchiara. Am Kontext vun dëser Konferenz ginn dann och folgend Themen ugeschwat:

  • de Lëtzebuerger Marché vum Immobilier haut;
  • d‘Grenze vun den aktuelle Léisungen;
  • d‘Presentatioun vum Projet Mandexpa, ee revolutionäre „win/win“ System;
  • d‘Virdeeler déi Mandexpa de Privatleit wéi Entrepreneuren ze bidden huet.

Mandexpa, gëtt als eenzegaarteg „Léisung“ ugebueden a proposéiert alle Vendeuren, ouni dat et eppes géif kaschten, vun allen Avantagen ze profitéieren, déi en einfacht an exklusiivt Mandat, verbonnen an engem Vertrag, unzebidden huet. De Verkeefer schafft hei mat enger eenzeger Agence, déi Member vun engem Reseau ass, déi d‘Annonce un den Ensembel vu senge potentielle Cliente weiderleet. Dës Annonce gëtt nëmmen eng Kéier op allen zur Verfügung stoende Supporte fir d‘Publicitéit duerch d‘Interventioun vun de Membere verëffentlecht.

Visitten, Annoncen, Réckmeldung vun de Clienten… Dank engem Interface (komplett an intuitiv) bitt dëst Instrument dem Vendeur eng transparent a maîtriséiert Kommunikatioun un.

Wéi, wou a wéini?

D‘Konferenz fënnt statt de Mëttwoch 26. Februar am „CELO-Foyer“ op 476 Diddenuewenerstrooss zu 5886 Hesper. Ufank ass 18:15 Auer, den Ofschloss ass 21:15 Auer (no der Konferenz besteet nach d‘Méiglechkeet sech bei engem Patt auszetauschen). Et ass noutwenneg sech um Site fir d‘Deelnam un der Konferenz anzeschreiwen.

Mandexpa

Illustratioun: KalHH / Pixabay

Related topics Hesper, Konferenz, Logement, Logementskris, Mandexpa
Next post Previous post