Search

You may also like

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
Business Money Neiegkeeten

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?
Business Money Neiegkeeten

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?

De Manktem u Beweegung ass laut WHO de véiert gréisste

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“
Business Money Neiegkeeten

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“

Datt déi gréissten Oppositiounspartei eng Aktualitéitsstonn ugefrot huet, an där

money

Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!

Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!

taxx.lu, zënter 2018 déi éischt Plattform fir d’Lëtzebuerger Steiererklärung online auszefëllen, huet eng App erausginn, déi automatesch Steierzertifikater scannt an ausliest, wat et nach méi einfach mécht d’Steiererklärung auszefëllen.

taxx.lu bitt de Steierzueler eng Online Plattform déi hinnen erlaabt hir Steiererklärung ouni Steierwëssen ze auszefëllen. Zënter 2018 konnt taxx.lu méi wéi 12.000 Leit hëllefen hir Deklaratioun ofzeschléissen, dorënner Lëtzebuerger Awunner, souwéi Grenzgänger. Viru Kuerzem gouf eng nei Funktioun der taxx.lu Offer bäigefüügt: taxx.lu Scanner ass eng App déi et erméiglecht d’Dokumenter fir d’Steiererklärung ze scannen, eropzelueden an automatesch auszeliesen.

Är Steiererklärung, e Kannerspill

Fir seng Steiererklärung mat taxx.lu auszefëllen, suivéiert de Steierzueler en Online Questionnaire, deen sech automatesch senger individueller Situatioun upasst. Um Enn vum Prozess bestëmmt taxx.lu de Betrag u Steieren déi mussen nobezuelt ginn, oder déi ee rembourséiert kritt. Et ass interessant hei ze bemierken, datt d’Hallschent vun de taxx.lu Benotzer vun engem Steierremboursement vu méi wéi 650 € am Joer 2020 profitéiert hunn.

De Benotzer ka seng Steiererklärung (Formular 100 oder 163) fir 40€ eroflueden an un d’Steierautoritéite schécken. Zënter dem leschte Joer, fir zousätzlech 20€, ass Formular 190, deen néideg ass fir d’Locatiounsakommes ze deklaréieren, och verfügbar.

taxx.lu bitt och eng perséinlech Analyse vun de méigleche Steieroptimiséierunge fir all Benotzer, nodeems se d’Steiererklärung erfollegräich ofgeschloss hunn. Hei berechent taxx.lu en “Opti-Score”, mat deem den User op ee Bléck weess, wéi hien an Zukunft Steiere spuere kann.

Déi nei App “taxx.lu Scanner”

Bis elo war et méiglech déi néideg Dokumenter fir d’Steiererklärung mat der Handy Kamera oder iwwer eng PDF Datei z’importéieren. Dëse Prozess ass elo nach méi einfach a méi séier, dank der neier “Taxx.lu Scanner” App fir iPhone an Android.

D’App déngt als Instrument fir d’Zertifikater fir d’Steiererklärung einfach ze scannen. Wann d’Benotzer hir Dokumenter mat der App scannen, ginn déi erfuerderlech Daten automatesch mat der Auto Scan-Funktioun erausgelies an zu der entspriechender Steiererklärung bäigefüügt. Dofir muss de Benotzer se net méi manuell a seng Deklaratioun kopéieren.

Fir Är Steiererklärung ze komplettéieren, braucht Dir nëmmen e Kont op taxx.lu ze kreéieren, d’App erofzelueden an unzefänken! taxx.lu mécht och Är Steiererklärung zum Kannerspill

Related topics Kannerliicht, Online, Sponsored Story, Steiererklärung, Taxx.lu
Next post Previous post