Search

You may also like

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi
Neiegkeeten

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi

Ab dem 1. Mee 2021 wäert de Sébastien Genesca dem

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit
Neiegkeeten

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire

Optakt vun der COP25 zu Madrid
Neiegkeeten

Optakt vun der COP25 zu Madrid

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt

Wat ass lass, Europa?

Déi erneit Reesbeschränkungen déi eist Land treffe beonrouegen déi Lëtzebuerger Studenten

Wat ass lass, Europa?

Fir de President vun der Studentenorganisatioun ACEL, Sven Bettendorf, ass dat wat sech den Ament an Europa zoudréit onverständlech a mindestens „geféierlech“. Déi erneit Beschränkungen, déi d‘Lëtzebuerger Studenten direkt betreffen, géife weisen, datt den „europäesche Gedanken“ am Begrëff ass verluer ze goen.

An et ass mat de Reesbeschränkungen net gedoen. Esou heescht säitens der ACEL, datt eis däitsch Noperen elo Juegd op Lëtzebuerger Studente maachen, an de Virworf vu Steierhannerzéiung an der Luucht läit. Esou goufe Studenten ugesicht, déi sech méi wéi sechs Méint mat hirem zu Lëtzebuerg immatrikuléierte Gefier an Däitschland opgehalen hunn. Eng zimmlech bosseg Ugeleeënheet.

Gutt dëse Sträit, esou de Sven Bettendorf, konnt dank SOLVIT, der europäescher Agence déi sech mat der Léisung vu Problemer beschäftegt, déi a Verbindung mat Verstéiss géint d‘EU-Legislatioun stinn, geléist ginn. Mee och an Éisträich huet et Problemer. Esou sinn am Alpeland déi Studenten, déi eng „sozial Bourse“ kréien, vun der lokaler audiovisueller Steier befreit. U sech net verkéiert.

Fir d‘ACEL stellt dat dann awer nees eng Ongläichbehandlung duer, déi esou net akzeptabel ass, well se net bei Lëtzebuerger Studenten ugewannt gëtt. An Däitschland dogéint, konnt eng Léisung fonnt ginn, fir all déi Studente wou eng sozial Bourse zougestane kruten. Dat a vill aner „kleng“ Suergen, wieren u sech schonn där Erausfuerderunge genuch, mee do ass och nach de Covid19…

Et muss iwwert d‘Zukunft vu Schengen geschwat ginn

Laut dem Sven Bettendorf, huet d‘Coronaviruskris d‘Diskriminéierung ënnert den europäesche Studenten erhéicht. D‘ACEL ass dann alles anescht wéi begeeschtert, wat déi erneit Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet am Schengenraum ugeet. „Et brauch eng europäesch Léisung an där och d‘Studente berécksiichtegt ginn“, esou den ACEL-President, dee besonnesch op Berlin bléckt.

Däitschland féiert stänneg nei Restriktiounen an, ouni awer ze definéieren, wéi eng Reegelen dann och anzehale wieren, dat besonnescht am Bezuch op déi friemlännesch Studenten. Schonn am August hat d‘Astufung vu Lëtzebuerg als Risikogebitt vill Studenten an d‘Laberente bruecht, déi Opnamexamen oder Coursen – bei deenen ee muss uwiesend sinn – an Däitschland haten.

Fir den däitschen Autoritéiten entgéint ze kommen, hat sech d‘ACEL mam Ausseministère an dem Gesondheetsministère zesummegesat, fir kuerzfristeg Léisunge virzeleeën. Zil war et déi gefuerdert Attester an de virgeschriwwenen Delaie presentéieren ze kënnen, fir enger Quarantaine aus de Féiss ze goen. Bis ewell sollen eng 270 dëser Attestatioune fir ageschriwwe Studenten ausgestallt gi sinn.

Hues de ee Problem geléist, kënnt schonn en aneren

Nodeems da leschte Freideg nees Lëtzebuerg vu sengen Noperen als Risikogebitt agestuuft gouf, ass bei der ACEL déi virtuell Bréifkëscht nees ënnert der Laascht vun der Froen an den Appeller no Hëllef zesummegebrach. Nieft de germanesche Kosengen hunn och d‘Belsch an d‘Schwäizer sech fir Restriktiounen ausgeschwat, wat zu zolitte Verwerfunge gefouert huet. Grad mat der Schwäiz.

D‘Eedgenossen huele wuel Notiz vun den Attestatiounen déi Lëtzebuerger Studente virweisen, mee déi mussen dann elo awer a Quarantaine. Mat der Belsch konnt ee sech dogéint verstännegen, an esou entfält d‘Quarantaine bei deene Studenten, déi hiren Openthalt zu Lëtzebuerg op 48 Stonne beschränken an déi schonns genannten Attestatioun virweise kënnen. Gutt ass och dat awer net.

Elo huet d‘ACEL decidéiert, den 10. Oktober e gréisseren ëffentlechen Debat ze organiséieren, bei deem et ëm d‘Zukunft vu „Schengen“ an d‘Fräiheet an der Unioun ze reese geet. Fir d‘ACEL geet et hei och drëms – nodeems déi traditionell Reunioun vun den europäesche Studenten annuléiert ginn ass – de Studenten en Stëmm ze ginn. Et sollen „interessant“ Gäscht ageluede gi sinn…

Illustratioun: © Ana Flavia / unsplash

Related topics ACEL, Areesbeschränkunge, Covid19-Pandemie, Debat, Europa, Grenzschléissung, Schengenraum, Studenten
Next post Previous post