Search

You may also like

Den neierleche Lockdown provozéiert
International Neiegkeeten

Den neierleche Lockdown provozéiert

An enger Rei Länner vun der Europäescher Unioun, mee och

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken
International Neiegkeeten

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken

D‘Amerikaner wëllen eis mat aller Gewalt hiren deiere Flësseggas opzwéngen,

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

Déi wuel weltwäit berühmtste Popp kritt eng 6 vir! Trotz

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa

Den Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten ECDC huet gëschter eng nei Risikobewäertung verëffentlecht, bei där Lëtzebuerg guer net emol sou schlecht ofschneit. Wärend d’Evolutioun vun der Situatioun an der Europäescher Unioun beonrouegend ass, wier déi groussflächeg Teststrategie mat engem effikassen Contact Tracing eng gutt Moossnam fir d’Infektiounsfäll schnell opzedecken, Risikogruppen ze identifizéieren an d’Risike vun eng nei Hausse un Infektiounen ze limitéieren.

D’Autoritéiten erkennen eis Beméiungen un an hiewen d’Lëtzebuerger Demarche als Beispill ervir. Mat 10.659 Tester op 100.000 Awunner an der Woch vum 20. Juli 2020 gouf de Groussherzogtum als dat Land mam héchsten Taux un Tester a ganz Europa ervirgehuewen. Iwwregens ass de Wäert ganzer 5,7 Mol méi héich, wéi beim Land op der zweeter Plaz vum Klassement.

ECDC

„Déi groussflächeg Tester spillen eng Schlësselroll fir d’Kontroll vun der Iwwerdroung an der Populatioun, fir de komplette Contact Tracing an als Basis fir eng effikass Iwwerwaachung. D’Resultater vun den Tester hëllefen d’Decisiounen ze leeden, bei deenen Moossname fir d’Gesondheet getraff ginn“, heescht et vum ECDC.

An dësem Kader gëtt gewarnt virun ze schnelle Conclusiounen, déi duerch déi gemellt Infektiounszuele kënne gezu ginn. Duerch déi grouss Diversitéit un Teststrategien ueschtert d’EU ass et wichteg ze analyséieren, ob eng Erhéijung vun den Neiinfektiounen ob d’Testmethod oder ob eng reell Hausse zeréckzeféieren ass.

ECDC

Den ECDC ënnersträicht, datt zu Lëtzebuerg och asymptomatesch Persoune getest ginn. Den EU-Memberlänner gëtt recommandéiert hir Efforten esou eropzeschrauwen, datt de Bierger ee schnellen Accès op Tester garantéiert ka ginn, ob si elo Symptomer hunn, wéineg oder keng.

Ofschléissend ass den Zentrum nach emol op d’Eegeverantwortung vu jiddwerengem agaangen. E respektvollt Verhalen, bei deenen ee sech un déi sanitär Moossnamen hält, ass vu grousser Wichtegkeet fir d’Pandemie an de Grëff ze kréien.

Related topics Beispill, Contact-Tracing, ECDC, Europa, European Centre for Disease Prevention and Control, Large Scale Testing, Lëtzebuerger Teststrategie, Neiinfektiounen, Risikobewäertung
Next post Previous post