Search

You may also like

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!
Neiegkeeten

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

A manner wéi engem Mount wäert déi US-amerikanesch Hard-Rockband Halestorm

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale
Neiegkeeten

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale

Haut scho gewonn? D’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!
Neiegkeeten

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Beim Documentaire Ascoltami-Ricordami vum Giuliano Bugani geet et ëm een

Ee siichtbaren Erfolleg

Beliichtung-Check vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Ee siichtbaren Erfolleg

Scho fir déi 6. Kéier huet déi Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) dëse 7. November, a Kooperatioun mam Vëlo-Sportzenter an der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, dem Verkéiersbond, dem Roude Kräiz an dem Automobil-Club Lëtzebuerg (ACL) eng Luuchtekontroll fir d‘Cyclisten ugebueden.

Vu 17 bis 19 Auer huet jiddereen dee mam Vëlo beim Kreesverkéier Schuman laanscht komm ass d‘Méiglechkeet gebuede kritt, seng Luuchten ze checken an esouwäit méiglech och flecken ze loossen. Sënn an Zweck vun dëser Aktioun war et, d‘Cyclisten op déi Geforen opmierksam ze maachen, deenen si sech grad elo, duerch d‘Zäitëmstellung an déi kuerz Deeg, mat enger net existenter oder defekter Beliichtung aussetzen.

Et ass och vun der Geleeënheet profitéiert ginn, fir de Vëlosfuerer op d‘Sënnhaftegkeet vun enger gutt siichtbarer Kleedung (hell a méiglechst reflektéierend) hinzeweisen. Tatsächlech ass et esou, datt ganz vill Cyclisten hir Siichtbarkeet géintiwwer den Automobilisten an anere Gefierer zolidd iwwerbewäerten.

Vëlos-Initiativ

© LVI

No engem Liicht- a Reflektorencheck duerch déi Fräiwëlleg vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ huet all Vëlosfuerer eng Kopie vu senger Mängellëscht matkritt. Kleng Reparature goufen op der Plaz gratis duerch d‘Mataarbechter vum Vëlo Sportzenter erleedegt. Nieft vill nëtzlechem Info-Material hunn d‘Cyclisten och reflektéierend Accessoire kritt, déi vum Verkéiersbond zur Verfügung gestallt goufen.

Interessant och d‘Presenz vun HIV-Berodung vum Roude Kräiz. Déi ware schonn déi zweet Kéier mat vun der Partie an hunn de Cyclisten am Kader vun der vun der Sensibiliséierungscampagne „sécher ënnerwee“ eng reflektéierend Veste ginn. Déi huet vill Virdeeler, ass super praktesch a passt a wierklech all Täsch.

Fazit:

Déi 6. Aktioun vun der Luuchtekontroll war op en neits e vollen Erfolleg. An den zwou Stonne sinn 92 Cycliste stoe bliwwe fir den Check virhuelen ze loossen. Flott heibäi: iwwert d‘Hallschent vun de Vëloe ware richteg ausstafféiert. Bei de Mängel ass ervirzehiewen, datt et bei deene Meeschten net ëm d‘Geliits gaangen ass, mee déi virgeschriwwe Reflekteren – sief et dee rouden hannen oder déi giel-orange un de Pedallen an/oder Speechele gefeelt hunn.

Vëlos-Initiativ

© LVI

Vergläicht een dës zuelen mat deene vun de virechte Joren, esou kann een eng positiv Entwécklung feststellen. Waren 2012/2013 nëmmen eng 25% vun de Vëloe richteg ausstafféiert, esou ass et haut bei all zweete Vëlosfuerer an der Rei. Zudeem dierf een notéieren, datt ëmmer méi Cyclisten elo och de Reflex hunn, hell a reflektéierend Kleedung unzedoen, wéi sech och mat reflektéierenden Accessoiren auszerëschten. Gutt gesinn a gesi ginn, ass einfach méi sécher…

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI)

Foto: © LVI

Related topics ACL, Luuchtekontroll, LVI, Rout Kräiz, Vëlo Sportzenter, Verkéiersbond
Next post Previous post