Search

You may also like

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet
Neiegkeeten

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet

Et kann ee soe wat ee wëll, mee dem Donald

Aschreiwung fir Lëtzebuergesch Coursen zënter dëser Woch nees méiglech
Neiegkeeten

Aschreiwung fir Lëtzebuergesch Coursen zënter dëser Woch nees méiglech

Säit e Méindeg kann ee sech op der Säit vun

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
Neiegkeeten

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Ob eleng, zou zweet oder mat Kanner, de Coronavirus Covid19,

13. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Duerch de Bildschierm geprost?

13. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Duerch de Bildschierm geprost?

E Mëttwoch huet déi 13. Editioun vun de Lëtzebuerger Wäibaudeeg an digitaler Form stattfonnt. Eng gemeinsam Wäindegustatioun duerch de Bildschierm war leider net méiglech. Trotzdeem kruten déi verschidden Acteuren d’Méiglechkeet sech beispillsweis iwwert d’Digitaliséierung an d’Auswierkunge vun der Pandemie op de Wäibau ze ënnerhalen. Mat dobäi waren de Wäibauminister Romain Schneider an de Marc Weyer, President vum Lëtzebuerger Wënzerverband.

Eng Erausfuerderung am leschte Joer war, genuch Leit ze fannen, déi bei der Wäilies hëllefen. Hu mir an der Vergaangenheet oft op auslännesch Helfer zeréckgegraff, esou war et duerch d’Pandemie schwéier genuch Leit op Lëtzebuerg ze bréngen. An dësem Kader huet d’Gesondheetsamt an den Institut Viti-Vinicole (IVV) am Hierscht 2020 iwwer 1000 Voucher verdeelt, fir dass Leit sech bei hirer Arees kënnen teste loossen, fir uschléissend un der Wäilies deelhuelen ze kënnen.

Mat der Ënnerstëtzung vun der ADEM an dem Maschinenring konnt d’IVV zousätzlech Lëtzebuerger Residente motivéieren a vermëttelen. Vu 400 Plaze konnten domat 21 Plaze besat ginn.

Fir och finanziell ënnert d’Ärem ze gräifen, goufen d’Promotiounskäschte vum „Lëtzebuerger Wäin“ mat 350.000 € ënnerstëtzt. Weider Beträg huet de Solidaritéitsfong vum Wäibau iwwerholl.

Ma, mat der Schléissung vun der Gastronomie, der Ofso vu villen Evenementer a private Fester koum et dozou, dass manner Wäin a Cremant gedronk ginn ass. An de leschte Joren louche mir a Saache Konsum bei engem stabille Wäert vu 6,3 Millioune Liter. Fir d’Joer 2019/2020 waren et 5,3 Millioune Liter, wat ongeféier 2 Liter Wäin a Cremant op de Kapp sinn.

Ee klenge positive Punkt gëtt et dann awer: Den Export vum Lëtzebuerger Produit ass ëm 1% geklommen.

D’Diskussiounen hunn ënnert anerem nach ëm d’Bewässerung vu jonken Terrainen a Fërderprogrammer gedréit. Ofschléissend sinn d’LEADER-Projeten „Wäiverkaf an der Groussregioun“ a „Via Mosel“ presentéiert ginn. Si dréie sech ëm de Wäiverkaf an Tourismus.

Opmaacherbild: © Landwirtschaftsministère

Related topics ADEM, Cremant, Institut Viti-Vinicole, IVV, Lëtzebuerger Wäibaudeeg, Lëtzebuerger Wënzerverband, Prost, Romain Schneider, Wäilies, Wäin
Next post Previous post