Search

You may also like

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Kultur Neiegkeeten

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“

Wat ee kulturellen a literaresche Weekend! Mat Freed um Buch,

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!
Kultur Neiegkeeten

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus
Kultur Neiegkeeten

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus

Den Andy Serkis, deen ënnert anerem dem Gollum aus „Herr

Kloer, verständlech an eenheetlech Markéierunge fir d’Lëtzebuerger Wanderweeër

Kloer, verständlech an eenheetlech Markéierunge fir d’Lëtzebuerger Wanderweeër

Do blitt all Wanderfrënd an trëppel-begeeschterter Persoun d’Häerz op. Ëm 5.000 Kilometer markéiert Wanderweeër huet eist Ländchen ze bidden, sou datt een déi 5 Regioune vum Land aktiv an un der frëscher Loft entdecke kann. A genee dës Routen sollen elo duerch eenheetlech an einfach Markéierungen a Schëlter méi verständlech a visibel ginn.

Net nëmme bei Touristen, mee och bei Lëtzebuerger Residenten a Wanderer ginn déi national Trëppelweeër ëmmer méi beléift. Dobäi ass et wichteg, op d’Uspréch vun den Notzer anzegoen an hinnen d’Routen esou verständlech wéi méiglech ze presentéieren.

Wanderweeër© MECO

Aus dësem Grond hunn déi 5 ORTen e praktesche Guide erstallt, dee fir jiddweree geduecht ass, dee sech ëm d’Fleeg an den Entretien vun de Lëtzebuerger Wanderweeër këmmeren. Dat Ganzt ass ënnert Schiermherrschaft vun der Generaldirektioun vum Tourismus a mat Ënnerstëtzung vu „BTE Tourismus- un d’ Regionalberatung“ an dem „Deutscher Wanderverband Service GmbH“ entstanen, entsprécht gläichzäiteg den Norme vun der europäescher Wanderfederatioun FERP.

Wanderweeër© MECO

Elo awer zum Guide. Dëst Handbuch ass an d’Theorie an d’Praxis ënnerdeelt. Ënnert anerem ass festgehalen, datt Markéierungen komplett, kontinuéierlech a gutt visibel musse sinn. Schëlter op Beem a Pottoe mussen eng eenheetlech Gréisst a Form hunn, a wa méi Routen iwwert ee Wee verlafen mussen Schëlter op engem gemeinsame Support ënnerteneen stoen.

Den Tourismusminister Lex Delles erkläert dozou, datt Schëlter a Markéierungen en einfach Hëllefsmëttel zur Orientatioun sinn. Als Vitrinn fir e qualitativ héichwäertege Wanderwee, mussen si einfach verständlech sinn an esou en agreabelt a faszinéierend Erliefnis bidden.

Opmaacherbild: © MECO

Related topics #VakanzDoheem, eenheetlech Markéierungen, Entretien, Guide, Lëtzebuerger Wanderweeër, ORT, Schëlter, Tourismus
Next post Previous post