Search

You may also like

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Kultur Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 17 Joer presentéiert Apple den éischten iPod

A manner wéi engem Joer gouf den Player entwéckelt a

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt
Kultur Neiegkeeten

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?

Si erwächt, huet keng Erënnerung méi a muss hir Onschold der Police géigeniwwer beweisen. Wärend si erausfanne muss, wat genau passéiert ass, muss dës Fra och sech selwer nees kenneléieren. Déi spannend Geschicht vun der neier Webserie W., geschriwwe vum Lëtzebuerger Zeenarist Frédéric Zeimet, kann een ab haut op de soziale Medie verfollegen.

Et sinn 6 kuerz Folgen, déi mat nëmme 4 Personnagen eng gewëss Spannung, Dramatik an Loscht op Méi wuesse loossen: Zënter haut de Moie kann een op Facebook, Instagram a Youtube déi éischt Episode vu W. opsuckelen a wierke loossen. Dobäi huet de Frédéric Zeimet dofir gesuergt, datt de Spectateur der Geschicht esou perplex, wéi och begeeschtert a mat besonneschem Interessi nogoe wäert.

Schonn eng laang Zäit huet dem Lëtzebuerger Zeenarist d’Iddi zur Serie am Kapp geschwieft an elo kënne mir d’Resultat gesinn: Den Haaptpersonnage – eng Fra déi sech emol net méi u säin Numm erënnere kann, dofir W. (vu Wëssen) genannt gëtt – leit nom Erwächen am Bësch net nëmmen u Konzentratiounsproblemer, mee och un engem eidele Gediechtnes. Hir Schwieregkeeten am soziale Beräich an hir Kommunikatiounsproblemer maachen eis schnell kloer, datt d’W. Asperger huet.

W

W._webserie/Youtube

Zur selwechter Zäit weist si awer och eng Hypermnesie, also eng immens staark Erënnerungsfäegkeet, wéi och eng speziell Hypersensibilitéit op. Wärend si weder weess, wéi si am Bësch gelant ass, nach wien si selwer ass a wat d’Poliziste vun hir wëllen, muss si als Beschëllegt a gewësser Aart a Weis de Fall mat léisen a beweisen, datt si d’Kanner net entfouert huet. Kann d’W. hir aussergewéinlech Fäegkeeten notzen an hir Onschold beweisen, jo vläicht souguer de Schëllege fannen?

Gespillt gëtt dës besonnesch Fra vum Catherine Elsen. Weider Acteure sinn de Jérome Burelbach, de Fränk Grotz an de Claude Faber. Erméiglecht gouf d’Lëtzebuerger Webserie duerch Six Letters, mat Ënnerstëtzung vum Filmfund Luxembourg. Fir d’Authentizitéit ze garantéieren huet een zesumme mat autisme.lu geschafft.

Déi éischt Folleg vu W. ass zënter haut de Moien online. Déi 5 nächst Episode ginn an dësem Mount an onreegelméissegen Ofstänn eropgelueden.

Foto: Six Letters

Related topics 6 Episoden, Catherine Elsen, Film, Filmfong, Frédéric Zeimet, Six Letters, Spannung, W., Webserie
Next post Previous post