Search

You may also like

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!

Ob als geckege Pirat, tollpatschege Vampir oder och verréckte Besëtzer

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!
Neiegkeeten

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!

All Joer organiséiert Europa d’Woch vun der Impfung fir esou

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus
Neiegkeeten

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen.

Letzshop.lu: E grousse lokale Gewënner vum Joer 2020

Letzshop.lu: E grousse lokale Gewënner vum Joer 2020

Zënter September 2018 regruppéiert Letzshop.lu zuelräich lokal Händler, ënnerstëtzt si bei hirem digitale Wandel a bitt dem Client esou eng riseg Palett u Lëtzebuerger Produiten iwwert den Internet un. Mam Konzept beweist een esou e grousse Succès, datt mam Bléck op d’Zuelen automatesch d’Mondwénkel vu Freed an d’Luucht ginn.

Wärend déi sanitär Kris villen Entreprisen hefteg zougesat huet, geet et bei Letzshop.lu konstant Biergop. An de Beräicher Memberen, Produiten a Verkaf konnt ee sech och dëst Joer weider verbesseren a vergréisseren.

Eleng tëscht Juni 2020 an Oktober 2020 louch d’Zuel u Visiteuren bei iwwert 450.000 Persounen. Dobäi kommen iwwert 3 Millioune Pageviews, also Säitenopriff. Momentan zielt d’Plattform ëm 500 lokal Geschäfter a bitt esou iwwert 370.000 Artikelen un, déi zum grousse Virdeel vum Client, einfach Heem geliwwert ginn.

Ma, an de leschte 6 Wochen si bei Letzshop Kaddosbongen am Gesamtwäert vun 350.000 € vu lokalen Entreprisen an Institutioune bestallt ginn. Schnell nei Tendenzen ze erkennen a sech uschléissend un d’Besoine vu Client a Verkeefer unzepassen, ass wuel hir grouss Stäerkt.

Letzshop.luletzshop.lu

E Beitrag zur digitaler Transitioun

Am September 2018 ass Letzshop.lu op Initiativ vun der Generaldirektioun fir Mëttelklass lancéiert ginn. Geréiert gëtt d’Plattform vun der ekonomescher Interessegrupp „Luxembourg for Shopping“, déi d’Generaldirektioun fir Mëttelklass, d’Handelskummer, d’Lëtzebuerger Konfederatioun fir Handel an 18 Gemengen vereent.

An dësem Kader huet de Lex Delles, Minister fir Mëttelklass, ënnerstrach, datt dës Verkafsäit um Internet den Händler ënnert d’Ärem gräift fir déi digital Erausfuerderung ze meeschteren. „Déi impressionnant Resultater vu Letzshop weisen de wuessenden Interessi vun der Ëffentlechkeet an der Noutwennegkeet vun esou engem Outil, virun allem an der Period vun enger sanitärer Kris.“

Deem hat den Tom Baumert, President vu „Luxembourg for Shopping“ nach bäizefügen, datt grad elo d’Digitaliséierung e wichtege Schrëtt ass. A Zäite vu „Bleift Doheem“ kritt de Verkeefer d’Méiglechkeet sech ze presentéieren an ze verkafen, wärend de Client bequem aus den eegene véier Wänn seng Bestellung kann opginn.

Related topics Client, Digitaliséierung, ekonomeschen Interessegrupp, Kaddosbongen, LetzShop.lu, Lex Delles, Lokal, Luxembourg for Shopping, Ministère fir Mëttelklass, Online, Tom Baumert, Verkafsplattform, Visitt
Next post Previous post