Search

You may also like

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss
Neiegkeeten

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vum Donneschdeg, den 27. Februar

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung
Neiegkeeten

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete

Simply You Box: elo och zu Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

Simply You Box: elo och zu Lëtzebuerg!

„Wat iesse mir dann haut?“ Déi belsch Societéit, déi nawell

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht

D'Vergangenheet däerf net vergiess ginn

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht

D’Gay Pride ass nieft alle Manifestatiounen, déi dem Gefill vu Fräiheet an Houfregt vun der LGBTI-Communautéit zum Ausdrock bréngt, och eng Geleeënheet ze Gedenken.

Esou zu Esch Uelzecht, wou ee Méindeg deene geduecht ginn ass, déi am zweete Weltkrich ermuert gi sinn. Mee et ass och un déi aktuell Verfolgung vun de Homosexuellen an Tschetschenien erënnert ginn.

Eenzegaarteg a wichteg

Op der Brillplaz, virum Resistenzmusée haten sech dann och nieft de Vertrieder vu Rosa Lëtzebuerg, de Männer a Fraen aus dem Gemengerot, dem Schäfferot an dem Justizminister och vill Leit vun de LGBTI-Communautéit versammelt.

D‘Vera Spautz, Buergermeeschtesch vun Esch huet dann och zu Recht drop higewisen, datt d‘Gedenkzeremonie op der Brillplaz esou eenzegaarteg wéi wichteg ass. Déi aktuell Situatioun an Tschetschenien wier ee gutt Beispill dofir, wéi néideg et grad hautdesdaags ass, d‘Mënscherechter ëmmer nees op e neits ze verdeedegen.

Ignoranz an Intoleranz sinn an eiser Gesellschaft net manner Verbreet wéi nach viru 50 Joer. Mee et gëtt Gesetzer déi d‘Leit virun deem schützt. Zu Esch steet emol op mannst d‘Politik mat der LGBTI-Communautéit zesummen. Dat beweist och déi 18. Editioun vum „GayMat“ déi dëse Weekend zu Esch fir déi siwente Kéier stattfënnt.

GayMat e feste Bestanddeel

D‘Gabriele Schneider vu Rosa Lëtzebuerg huet a senger Ried der Gemeng och ee grousse Merci ausgeschwat. De „GayMat“ ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner an och d‘Gedenkzeremonie, et war elo déi drëtt, huet hir fest Plaz fonnt.

Nieft dem Gedenken un déi am zweete Weltkrich verstuerwe Schwuler a Lesben an sech zu Esch ze begéinen, ass et ze weisen, datt kee Mënsch wéinst enger sexueller, reliéiser oder politescher Gesënnung dierf ermuert ginn. Och dem Gabriele mëscht d‘Situatioun an Tschetschenien Suergen.

Am Kader vun der sougenannter Flüchtlingswell och Schwuler a Lesben zu Lëtzebuerg opgeholl gi sinn. Rosa Lëtzebuerg huet dann och hei ee Projet gestart fir deenen ënnert d‘Äerm ze gräifen. A de Motto „Stand Together“ ass en Opruff géint all Form vun Haass.

De Justizminister Felix Braz erënnert, datt Lëtzebuerg vläicht dat Land ass, wou et sech aktuell fir d‘LGBTI-Communautéit am beschte liewe léisst. All Mënsch ass unerkannt an d‘Gesetzer sinn entspriechend ausgeluecht oder um Punkt a Kraaft ze trieden.

E gesellschaftleche Puzzle

Gesetzer sinn awer nëmmen een Deel vum gesellschaftleche Puzzle an si verhënnere keng Verbriechen. Virun allem hu se aktuell kaum oder guer keen Afloss op „Hate Speech“ an de sozialen Netzwierker. Dat ass een zolitte Problem deem ee sech stelle wëll. Méiglecherweis och d‘Bedreiwer vun der Netzwierker muss zur Rechenschaft zéien.

De Gemenge kann hien nëmmen de gudde Rot mat op de Wee ginn, de Courage ze hunn an sech d‘Moyenen ze ginn, déi noutwenneg Akzeptanz ze schafen. Hie weist dann och drop hin, datt déi Betraffe keng Toleranz wëllen, méi berechtegt d‘Unerkennung fuerderen.

Am Uschloss zu de Rieden ass eng Gedenkminutt gehale ginn an uschléissend sinn se zur Vernissage „lesbisch jüdisch schwul“ am nationale Musée vun der Resistenz iwwergaangen. Eng Ausstellung déi een onbedéngt sollt gesinn hunn an déi nach bis den 1. Oktober ze gesinn ass.

D‘Ausstellung ass eng Kooperatioun mam „Schwules Museum Berlin“ déi d‘Exponaten zur Verfügung gestallt huet. Am Kader hunn a fannen nach e sëllechen Aktivitéite statt. Dat sinn Konferenzen an Ronndëschgespréicher. All Informatiounen heizou kënnen ënnert www.musee-resistance.lu opgeruff ginn.

Related topics Esch/Uelzecht, LGBT
Next post Previous post